Fir déi éischte Kéier iwwerhaapt refuséieren d'Produzente vun der BBC-Show „Top Of The Pops“ den 9. Oktober 1969, d'Nummer 1 aus de britesche Singlecharts an hirer Show ze weisen.

09/10/2019 Gainsbourg/Birkin: e Skandal an England

Deen Dag klëmmt nämlech déi éischte Kéier an der Geschicht vun den englesche Singlecharts e franséischen Titel op d'1. Dat ass awer net de Grond firwat d'Lidd net bei Top Of The Pops däerf gespillt ginn, deen erkläert sech aus dem selwechte Grond ewéi den absolute Refus vun englesche Radiosender d'Lidd an hirem Programm ze spillen. Haut viru 50 Joer klammen de Serge Gainsbourg an d'Jane Birkin mat hirem erotesche Lidd Je t'aime moi non plus op d'Spëtzepositioun an England.

D'Lidd wat den Akt vun der Léift tëscht deenen zwee simuléiert, reegt d'Englänner esou op, dass esouguer dem Serge Gainsbourg seng Plackefirma Fontana, e Synonym dee Philips sech ginn hat, fir Je t'aime moi non plus net ënnert hirem richtegen Numm ze verkafen, d'Plack guer net méi verkafe wollt, obschonns se zu deem Zäitpunkt op der zwee an England stoung.

D'Lidd gouf vum klenge Label Major Minor iwwerholl a klëmmt kuerz drop, den 9. Oktober 1969 op d'1. an England. Mä och an anere Länner war d'Lidd ëmstridden, e Lidd wat de Serge Gainsbourg 1967 schonn eng éischte Kéier mam Brigitte Bardot opgeholl hat, wat awer deemools duerch de Veto vun der Bardot hirem Mann, dem Gunter Sachs, net huet dierfen als Single erauskommen, well dee vru Jalousie geplatzt war, nodeems et eng éischt an eenzeg Kéier op Europe 1 ze héiere war, am Contraire zu Bonnie & Clyde wat de Serge an d'Brigitte och zesummen opgeholl haten.

Wéi de Gainsbourg 1968 mam Jane Birkin zesummekënnt, hëlt hien d'Lidd mat senger neier Partnerin nach eng Kéier op an et gëtt, obschonns vun de Radiosendere boykottéiert a mat engem Sticker „Interdit aux moins de 21 ans“ dekoréiert, e groussen Hit a lant och an Éisträich, an der Schwäiz an an Norwegen op der 1., op der 3 an Däitschland, packt et a Frankräich awer net iwwert d'Plaz 5 an der Singlehitparad eraus.