Den Devon, den Dylan, de Conner an den Isaac sinn aus Kanada a maache Musek. Bekannt ass de Quartett fir de stramme Gebrauch vu Perkussioun a well se wärend hire Concerte vill verschidden Instrumenter benotzen.

Half Moon Run gëtt et zënter 2010, hir Musek kann een als Indie Rock, Indie Folk respektiv Indie Pop bezeechnen. Den Debutalbum Dark Eyes ass ewell 7 Joer al, dat 2. Wierk Sun Leads On Me gouf 2015 publizéiert an aktuell schaffen déi 4 um Album Nummer 3 deen an engem knappe Mount, den 1. November offiziell erauskënnt. Zënter kuerzem huet déi nei Plack och en Numm, A Blemish In The Great, d'Lidd Flesh and Blood soll d'Zäit bis de Release verkierzen.