E neit Krankheetsbild, bekannt ënner Psychologen. Et gëtt och de 'Brexit Anxiety Syndrom'. Déi politesch Krisen a Groussbritannien an an den USA gräifen déi psychesch Gesondheet vun der Populatioun un.

15/10/2019 'Trump Anxiety Disorder'

Dat geet esou wäit, dass Psychologen schonn déi genannte Begrëffer benotzen, fir d'Krankheeten ze spezifizéieren. Zu de Symptomer géifen Paranoia, Angschtzoustänn, Depressiounen, Schlofproblemer, Konzentratiounsstéierungen an Alpdreem gehéieren, an d'Lëscht ass esouguer nach méi laang. Den 'Journal of Clinical Psychology' huet esouguer ee ganze Magazin iwwer den 'TAD' erausbruecht, esou d'Ofkierzung vum 'Trump Anxiety Disorder'. An England hu se mam 'BAS' ze kämpfen, dem 'Brexit Anxiety Syndrom'. Well de Brexit, d'Theresa May, an de Boris Johnson, zu plus minus zur selwechter Zäit hiren Impakt op der Insel haten ewéi den Trump op d'USA.

Kee Wonner dass eng ganz Natioun net gutt schléift a schlecht dreemt. Si alleguer hunn Angscht virun deem wat kënnt. An der internationaler Press geet esouguer riets vun engem 'psychologeschem Trauma', deen och Leit mat erof zitt, déi rational denken an handelen. Den Institut 'Britain Thinks' huet matgedeelt, dass 64% vun de Briten der Meenung sinn, dass de Brexit sech negativ op hir psychesch Gesondheet auswierkt. D' 'Mental Health Foundation' schwätzt vun engem Gefill näischt maachen ze kënnen, chronesche Suergen a Roserei. An d'Ënnerscheeder tëscht de sougenannte 'Remainer' a 'Leaver' wiere net immens grouss. Dem Johnson säi Motto 'Lets get Brexit done' mécht et net besser. Déi eng Halschent fäert dass et an d'Box geet an déi aner fäert, dass en et serieux mengt. A si all hunn eppes gemeinsam: d'Angscht.