Bestëmmt huet jidderee seng ganz eege Manéier fir mat enger klenger Erkältung, engem Schnäppchen, eens ze ginn. Déi gutt al Zëppche ka Wonner bewierken. Ob elo eng Héngerbritt oder eng Geméiszopp; den Hierscht an de Wanter sinn déi richteg Joreszäite fir eng Zopp ze maachen.

15/10/2019 Zopp around the world

Dat mat der Zopp ass keng Erfindung vun hei, sou zimlech an allen Ecken op der Welt ginn et Rezepter déi méi oder manner beléift si wann ee sech erkaalt huet. Eent kann een elo scho festhalen; d'Hong kënnt ganz heefeg vir.

Soubal Symptomer wéi e Krazen am Hals, eng zouen Nues oder liicht Féiwer erkennbar sinn, soll ee sech direkt an der Kiche verschanzen an eng Zopp maachen. Déi gutt al Héngerbritt huet scho sou munch Erkältung vill méi erdrobar gemaach. Datt se op der anerer Säit vun der Welt och wëssen datt eng Britt eppes Gutts ass, brauch een net ze präziséieren. Eisen éischte Stopp maache mir a Südkorea. Do kréie mir eng Samgyetang preparéiert fir eise Schnapp an d'Flucht ze schloen. Samgyetang heescht näischt aneres wéi Héngerzopp op Koreanesch. An dës Variant kënnt e klengt Hong gefëllt mat Räis, Knuewelek, Ginseng a chineseschen Dattelen.

Bei den Amerikaner denkt ee bei Poulet éischter un Chicken Wings. Stëmmt; allerdéngs maachen d'Ammien och eng Chicken-Soup wann d'Nues leeft. D'Zopp gëtt traditionell mat Geméis, Poulet an Nuddele preparéiert-

Wéi eng Zëppche kache se dann an Norwegen? Do loosse mir d'Hong mol op der Säit, déi kommen ouni Fleesch aus. Eng typesch Zopp, wann ee sech an Norwegen erkaalt huet, ass eng mat Choufleur. Déi ass net net nëmme liicht ze preparéieren, mä och z'iessen, dat gëllt fir Kanner awer och fir eeler Persounen. Choufleur hëlleft bei der Verdauung an huet vill Ballaststoffer.

Mat engem Schotz Wodka kritt een de Schnapp villäicht och Schachmatt gesat, mä mat Borschtsch hunn d'Russen, Osteuropa am allgemengen, och eng Zopp fir eng Erkältung. Rout Rommelen, wäisse Kabes a Fleesch sollen dem Kierper d'Nährstoffer ginn déi duerch de Schnapp feelen.

Nach eng Kéier zeréck an Asien. A China maache se eng kräfteg Zopp mat Nuddelen, am beschte Fall ass och nach e pochéiert Ee dran. Variatioune ginn et kéipweis, ee vu vill Beispiller: Brokkoli a Krevetten.

E Porridge mat Fësch kléngt dann awer schonn e bësse méi speziell. E Porridge ass jo Bräi aus Huewer, den Däitsche seet Haferbrei, an dee geet zu Singapur mat Fësch, Sojaszooss a Peffer, wéi et schéngt dat perfekt Iesse wann een den Hals wéi huet. Kritt een op all Stroosseneck dohannen.

An d'Italiener hunn och nach eppes. Wann d'Mamma no den erkaalte Kanner, heiansdo och nom Pappa, kucke muss, kënnt in bianco op den Dësch. Eng Zopp mat klengen Niddelcher an enger Britt déi normalerweis mat Olivenueleg, Parmesan oder Poulet ofgeronnt gëtt.

Also de Wanter an de Schnapp kënne kommen.