Se verpeschten d'Loft an awer hu se e Succès fou: d'Croisièresschëffer. Elo kënnt awer en Eco-Modell- e Schëff, dat mat Wand a Sonn funktionéiert. 2'000 Passagéier hu Plaz um sougenannten 'Ecoship'.

16/10/2019 Croisièren vun der Zukunft

Et soll dat ëmweltfrëndlechst Schëff vun der Welt ginn. E regulärt Croisièresschëff, wat den Ament fiert, produzéiert ronn 80'000 Liter Ofwaasser den Dag an dee villen Dreck leeft quasi ongefiltert an d'Mier. Nach dobäi kënnt de Riseverbrauch u Mazout an déi domatter verbonnen Ofgasen. Beim Ecoship dogéint, gëtt et ee Waasserkreeslaf deen zou ass, esou dass guer kee knaschtegt Waasser an d'Mierer kënnt.

Seng Energie kritt d'Schëff haaptsächlech aus Wand- a Waasserkraaft. Och beweeglech Solar-Panellen suergen dofir dass d'Schëff ronderëm d'Auer mat Stroum versuergt ass. Et sinn esouguer kinetesch Biedem agebaut, déi weidere Stroum liwweren, alleng doduercher, dass Leit drop hin- an hier-trëppelen. En Hybrid-Motor leeft mat flëssegem Gas an Uelech, awer nëmmen dann wann et mam grénge Stroum net duergeet. 20% manner Energie gëtt beim Undriff gebraucht, a ganzer 50% am Beräich vun der Stroumversuergung, wat eng enorm CO2-Reduzéierung mat sech bréngt. Par Rapport vun engem Schëff wat am Joer 2000 gebaut gouf, ginn 40% manner Klima-Gasen ausgestouss, am Verglach mat méi neien Schëffer sinn et nach 30%. Iwwer 4 Etagen wäert e Gaart ugeluecht ginn, deen duerch organesch Offäll um Liewe gehale gëtt a Geméis liwwert.

Den Design vum Ozeanris erënnert un e Wal. D'nächst Joer am Abrëll soll d' 'Ecoship' eng éischte Kéier fueren. Klassesch Croisière gi net organiséiert fir matzefueren, mä Bildungs- a Fuerschungs-Reesen.