Dat renomméiert Spidol Berliner Charité huet en eegene Comic produzéiert, mam Ziel d'Patienten besser opzeklären. Dacks schwätzen d'Dokteren Fachchinesesch, bei deem déi mannst nokommen. Doduerch ginn d'Patiente staark veronséchert a verstinn knapps d'Halschent vun der Operatioun oder Prozedur déi bei hinne gemaach gëtt, Julie Dupont.

16/10/2019 Comics an der Medezin

Dacks schwätzen d'Dokteren ee Fachchinesesch an déi mannst nokommen. Doduerch sinn d'Patienten staark veronséchert a versti knapps d'Halschent vun der Operatioun oder Prozedur, déi bei hinne gemaach gëtt. Fir dem entgéint ze wierken huet d'Berliner Charité elo e Comic produzéiert. An dem klenge Bichelchen gëtt duerch Biller an engem einfachen Text erkläert wat geschitt wann den Dokter d'Häerz mat engem Katheter ënnersicht.

Dat ganzt gesäit awer net kannereg aus. Och Sproochblose mat "BOOM" "BANG" oder "OUCH" fënnt een hei net. Dat ganzt ass éischter wéi eng Graphic Novel opgebaut. De Virdeel vun der Graphic Novel ass, dass een eng komplex Geschicht méi ausféierlech ka beschreiwe wéi am klassesche Comicformat.

Bis elo ass de Comic immens gutt ukomm bei de Patienten. D'Patienten, déi de Comic gelies haten, konnte besser erëmginn wat bei der Prozedur geschitt wéi Patienten ouni d'Hëllef vum Comic. Doduerch waren d'Leit och méi entspaant vis à vis de medezineschen Agrëffer. De Comic ass awer absolut net als Ersatz fir d'Gespréich mam Dokter ze gesinn. De Kontakt mam Dokter soll weider wichteg an obligatoresch bleiwen. De Comic ass éischter als Stäip ze gesinn falls et Onkloerheete ginn.

Duerch de Comic soll och evitéiert ginn, dass d'Patienten op Internetsäiten noliese ginn, wou och gäre mol falsch Informatiounen ze fanne sinn. Ausserdeem kënnen esou och d'Froen an d'Suerge vun der Famill beäntwert ginn. Am Géigesaz zum Dokter, kann een dëse Comic iwwerall mathuelen a passt an all Täsch.