Hop-On-Hop-Off Busser gesäit een a ville Stied. Si si praktesch wann ee vill vu senger Destinatioun wëll gesinn. Ma lount et sech wierklech iwwerall mat deene roude Busser ze fueren? Wéi klappt et mam ëmsteigen? Wat kascht et. A wéi enge Stied een am meeschte fir seng Sue kritt? Hei de Resumé.

17/10/2019 Hop on/ Hop off

Se kutschéieren een duerch Stied. Bezuelen, eraklammen, Casque undoen a lauschtere wat een erzielt kritt. Ob der Enger oder Anerer Plaz kann een dann och erausklammen, fir sech déi Eng oder Aner Attraktioun méi am Detail unzekucken. Dono klëmmt een erëm era fir virun ze fueren.
Wann alles gutt leeft da kann ee villes iwwert déi Stad an där ee grad ass gewuer ginn. Dat ganzt huet awer säi Präis. Hei zu Lëtzebuerg kascht esou eng Tour 14 Euro op de Kapp. Sollt der nach keng gemaach hunn, et lount sech an, et gëtt ee villes gewuer.
Fir den Test ze maache wou een am meeschte fir säi Geld kritt goufe verschidde Kritäre méi genee analyséiert. Virop emol de Präis. Dann gouf gekuckt wéi laang d'Streck ass a wéi vill Attraktiounen um Wee leien.
Ob der 3. Plaz läit Kuala Lumpur. Wien also plangt dohinner ze goen a mam Bus ze fueren, dee bezilt ronn 11 Euro a kritt op enger Streck vu 25 KM eng 60 Attraktioune gewisen. Et kritt een en Ticket dee 24 oder eben 48 Stonne gülteg ass.
Dat eenzegt wat een net soll maachen ass no 4 Auer mëttes mam Bus ze fueren. Do ass de Verkéier esou schlëmm dass een net vun der Plaz kënnt.
Malta ass do scho méi no. E Land deen et ëmmer erëm vill Lëtzebuerger zitt. Den Hop-On-Hop-Off Bus zu Valletta kascht 20 Euro. Dofir fiert de Bus bal 50 KM a weist engem 32 Attraktiounen. Et geet an den Hafen an iwwerhaapt de ganze Wee laanscht d'Côte. Kierch vu Mosta ass dobäi. Temple vu Tarxien oder och RabatSouth Route fir nëmmen e puer Saachen ze nennen.
Ob der Plaz an dësem Ranking rangéiert Portugal mat der Stad Porto. De Präis vum Bus läit bei Ronn 17 Euro. Fir 35 KM a 34 Sehenswierdegkeeten ze kucken.
Déi längste Streck kritt een iwwregens zu Buenos Aires. Eis 6. Plaz am Klassement. De Bus fiert 33 Statiounen un fir 22 Euro. Distanz déi een zeréck leet läit bei 135 Kilometer. Hoffentlech huet de Bus dee néidege Komfort.
Et fält dann och op dass een an de skandinavesche Länner am beschten net sollt mat esou engem Bus fueren. Oslo läit ob der 3. leschter Plaz. Hei bezilt een 31 Euro fir 11 Statiounen. Do hannendru kënnt nach Göteborg 21 Euro fir 6 Arrêten. An zu Aarhus an Dänemark bezillt een 23 Euro fir 8 Stopps.
Am beschten et geet een dovunner een huelen.
Obwuel bei deene Präisser. ...