Steet se bei Iech och am Eck a waart drop dass ee se hëlt? D'Wo déi praktesch an all Buedzëmmer hir Plaz huet, gëtt dacks nëmmen benotzt fir de Stëbs deen drop ass ewech ze maachen. Dat muss jo och sinn, verfälscht dësen ëmmerhinn d'Resultat. Elo hu Wëssenschaftler erausfonnt wéini dee beschten Dag ass fir op d'Wo ze klammen.

22/10/2019 Wéini ass de beschten Dag sech ze weien?

D'Wo steet bei mir schonn zanter Wochen am Eck a freet sech wéi en Hond deem een d'Léngt undeet fir spadséieren ze goen, wann ech an d'Buedzëmmer kommen. Hier freet ass ëmsoss, ech haassen deen Apparat.
Villäicht kennt der dat jo.
Dir wësst awer bestëmmt och dass d'Gewiicht am Laf vum Dag ännert. Et gëtt jo ëmmer gesot, dass ee mueres op d'Wo goe soll wann een niichter ass. Et soll een awer och wëssen dass eist Gewiicht no engem Zyklus schafft.
Et ginn Deeg an der Woch do si mer schwéier wéi op aneren.
Dem Brian Wansink vun der Cornell Uni gi mer, wat Woch méi al gëtt méi schwéier. Am liichtsten si mer Freides mëttes. Wien also Mëttes iwwert dem iessen seng Ierzen a seng Raiskären zielt, spréch wien ob Regime ass dee soll säi Resultat Freides mëttes moossen. Oder?
Ebe grad net. Dem Wëssenschaftler no ass de Mëttwoch de beschten Dag fir op d'Wo ze klammen. Well dësen Dag an der Mëtt läit ass en optimal fir e Mëttel-Wäert erauszefannen.
Eng weider Fro ass: Wéi dacks sollt een sech weien. Et gëtt Leit déi maachen all Dag. A genee dat huet erginn dass déi Leit och am meeschte Gewiicht verluer hunn. Et ass eng Zort Motivatioun. De Wëssenschaftler réit dohier sech op mannst eemol d'Woch ze weien.
Maacht et awer just da wann är Laun och gutt ass. Anersäits kéint d'Resultat fir Schiet an der Wunneng suergen. Net dass nach aner Leit drënner leide wann d'Wo net dat uweist wat der iech erwaart hutt.
Wichteg ass och keng Kleeder un ze hunn. Owes drop ze klammen oder aus Frust drop ze klammen. Ech kenne keen dee sech gäre vu senger Wo beleidege léist.
Zanterhier sinn ech mat menger Wo am Klinsch