Ëmmer méi Apparater wéi Frigo oder Kaffismaschinn sinn um Internet ugeschloss. En neien Challenge fir Cyber-Krimineller, déi et bei villen Apparater guer net esou schwéier hunn fir se ze hacken.

21/10/2019 Hacker vs Smarthome

Et gëtt Firmaen déi loossen hier Apparater vu professionellen Hacker teste fir esou erauszefanne wéi ufälleg hier Maschinne sinn. Ginn esou Problemer fonnt, da gëtt zesumme mam Hiersteller gekuckt wéi een de Problem behiewe kann.
Eng wichteg Saach fir renoméiert Sociétéiten, ass de Marché vun de connectéierten Haushaltsapparater um wuessen, an dat net ze knapp. Den Ëmsaz an der Branche loung d'lescht Joer bei 3,5 Mia Euro.
De Problem ass, dass et de Moment keng Standarde gëtt wéi dës Geräter musse geséchert sinn. D'Hacker reiwen sech Hänn.
Sou gouf z.B eng Kamera getest, déi vum Wierk aus esou konfiguréiert ass dass se sech vu bausse ganz einfach Hacke léist. Dorausser kéint sech dëse Szenario erginn. Den Hacker kann engem ongenéiert nokucken. Ma iwwert d'Kamera huet hien och e vollen Accès an de Reseau. Firwat also net emol kucke wat nach esou alles doruechter steet wat mam Internet verbonnen ass.
Evt eng Tele. E Smarthome Switch mat deem een d'Luuchten oder Rollluede steiere kann. Eng Kaffismaschinn déi op eemol 653 Espresso hannertenee mécht.
D'Heizung déi Temperature mécht dass een d'Gefill huet an der Sauna ze setzen, oder de Géigendeel: Et brécht eng Äiszäit doheem aus.
E negatiivt Beispill ass z.B eng Maschinn mat där ee Croque Monsieure maache kann. Ze kafe kritt ee se bei engem Discounter. Ob dëser Maschinn leeft en ale Android System. Dernieft gouf e Mikro fonnt, dee néierens Dokumentéiert war. Hei kann den Utilisateur, ouni et ze wëssen ofgelauschtert ginn.
Smarthome from Hell mat enger Invitatioun fir d'Hacker.

Et schafft een de Moment awer un engem Sécherheets-Standard. De Nodeel, en ass de Moment nach net obligatoresch. Et hofft een deemno ob eng Direktiv vun der EU.
Ma wie weess, villäicht notzen si jo selwer dës kleng Lücke fir eppes iwwert d'Verhale vun der Populatioun gewuer ze ginn.