Et gëtt kee méi treie Begleeder wei en Hond. Mee ee Mann deen en Hond huet, muss jo schonn ee bessere Mënsch sinn nee? Op des Iwwerleeung baut deen neien "Dating-Trend" vum Dogfishing op. D'Julie Dupont weess méi doriwwer.

22/10/2019 Opgepasst virum "Dogfishing"

Wie ka schonn engem treie Muppebléck widderstoen? Déi mannst. Mee virun allem bei Fraen soll duerch ee léiwen Hond d'Häerz direkt méi séier schloen. Kombinéiert een de Mupp dann nach mat engem Kärel op enger Dating-App, dann ass d'Gléck fir Fra a Mann scho perfekt. An de Mupp? Deen ass nëmmen ee geléinten "Accessoire"
 
Dogfishing bedeit esou vill wéi "Hondfëschen". Den Hond ass dobäi souzesoen de "Köder". Et ass eigentlech keng ganz nei Iddi. An der Folge "Zwei durchtriebene Hunde" vun der US-Amerikanescher Sitcom "How I Met Your Mother" zum Beispill, huet de Barney Stinson besonnesch vill Succès wéi en mat engem Hond op d'Fraen duergeet. An och verschidde Etüden, wëllen erausfonnt hunn, dass Fraen ee Mann mat Hond direkt vill méi attraktiv fannen wéi ee Mann ouni Hond.

Dat ganzt hëlt just absurd Dimensiounen un, wann een onbedéngt iergendeen Hond muss mat op eng Foto kréien, an der Hoffnung op Tinder, Bumble a wéi se nach all heeschen ee Match ze kréien. Verschidde Männer sinn alt nach éierlech genuch a soen, dass et net hiren Hond op der Foto ass. Stellt sech awer natierlech d'Fro, firwat een déi Foto dann iwwerhaapt drop mécht. Schlëmmer ass et awer, wann een och nom Match, also wann ee mat dem aneren am Chat schreift nach weider behaapt et wär den eegenen Hond. An e bëssen aarmséileg ass et och.

Natierlech ass Dogfishing net grad eng besonnesch clever Taktik. Et ass awer Gottseidank een Trend de "just" blöd ass. Net esou wéi dat sougenannte "Ghosting", wou een Wochen- oder méintelaang intensive Kontakt huet mat enger Persoun, just fir se duerno express z'ignoréieren, mam eenzegen Ziel engem wéi ze doen.

Dofir léif Dammen: maacht äre Choix net eleng wéinst engem Mupp, well op deen dozougehéierege Mann wierklech genee esou treihäerzeg ass, sief dohigestallt.