Himmelsdéiercher solle jo anscheinend Gléck bréngen. An déi mannst hunn ee wierkleche Problem wann se esou engem Déierche begéinen. Wa sech awer, wéi elo an Däitschland, honnerte Kiewerleken zesummendinn a sech op Facen vu Gebaier breet maachen, da gesäit et anescht aus. D'Julie Dupont huet beim Haus vun der Natur nogefrot, op des Déiercher dann effektiv ee Problem sinn.

22/10/2019 Arlequin Himmelsdéierchen och bei eis

Esou ee klengt Himmelsdéierche gesäit eigentlech zimlech léif aus. Mat sengem wäisse Kapp, a sengem faarwege Kierper a senge Punkte gesäit tn e bëssen aus wéi wann et sech verkleet hätt. Duerch sëllech Geschichten aus dem Volleksmond, hunn och déi mannst Angscht virun hinnen. Virun allem am Gaart ass d'Himmelsdéierchen ee Gaascht dee gäre gesinn ass. Si friessen d'Blatlais ewech, déi ee grousse Schued bei de Planze loossen. Als Kanner hu mer gäre gezielt wéi vill Punkten de Kiewerlek op sengem Réck dréit. Wéi vill Punkten d'Himmelsdéierchen huet, seet iwwregens näischt iwwert säin Alter aus, mee hëlleft eraus ze fannen, zu wéi enger Zort e gehéiert.
Am Ganze fënnt een hei an Europa iwwregens eng 75 verschidden Zorten un Himmelsdéiercher, an dat a ganz verschiddene Faarwen.
Do koum nach d'Arlequins Zort aus Asien dobäi. Déi asiatesch Famill ass e bësse méi grouss wéi eis europäesch Himmelsdéiercher a virun allem méi verfrooss. Si iesse gutt fënnef mol méi Blatlais, a goufen dowéinst aus Asien importéiert an an Zären agesat. Et gëtt nawell vill Negatives iwwert des Himmelsdéiercher gezielt. Dofir hunn ech d'Elisabeth Kirsch vum Haus vun der Natur mol gefrot op dat effektiv stëmmt.

Cut 1 Arlequin Himmelsdéierchen

Déi asiatesch Famill ënnerscheet sech awer net nëmme beim Friessen oder bei der Fortpflanzung vun eisen Himmelsdéiercher.

Cut 2 Arlequin Himmelsdéierchen

Duerch hir Aart a Weis fir z'iwwerwanteren falen déi asiatesch Himmelsdéiercher vill méi schnell op. Wat maachen ech da  wann d'Déiercher et bis an d'Haus packen?

Cut 3 Arlequin Himmelsdéierchen