De Weekend gëtt alt nees d'Zäit ëmgestallt, an da gëtt et och Owes erëm méi séier däischter. Doduerch begéint een dann och gäre mol méi dacks eis Déieren aus dem Bësch op der Strooss. Wat genee muss een da maachen wann een esou een Déier ze pake kritt? Dat huet d'Julie Dupont beim André Schaack vum Service National de circulation et de sécurité routière vun der Police nogefrot.

24/10/2019 Wat maache wann ech e wëllt Déier ustoussen? RICHTEG!!!

Et ass schnell geschitt: op eemol steet matten op der Strooss e Fuuss, e Réi oder schlëmmer nach ee Wëllschwäin. Puer Sekonnen drop ass et scho geschitt, an et huet een d'Déier erwëscht.

Wat maache wann ech en Déier ugestouss hunn?

Wat muss ech da maache wann d'Déier net dout, ma awer blesséiert ass?

Bei engem blesséierten Déier?

Bei all Zesummestouss mat Wëld, gëllt et souwisou der Police Bescheed ze soen, egal op d'Déier dout oder just blesséiert ass.
Et kann och virkommen dass een net alleng am Coup ass, mee een aneren Chauffer mat betraff ass.

Wann een anere Chauffer involvéiert ass?

Nom Accident kënnt dann och nach eng Kéier een administrativen Deel. Dann heescht et nämlech sech ee Certificat siche goen. A wéi mécht een dat am Beschten?

Wéi kréien ech mäi Certificat "Dégâts gibier"?

Donieft ginn et nach e puer Rotschléi vun der Police fir sech richteg ze verhalen. Sou soll een, wann eng Kollisioun mat engem Déier net méi ze verhënneren ass, virun allem bremsen, d'Steierrad fest unhalen a virun allem riichtaus fueren. Et soll een op kee Fall no lénks oder riets zeien, well do Gefor duerch Beem oder e Gruef besteet.

Nach e puer Rotschléi