Zanter leschter Woch gëtt et eppes neies am Paräiser Zoo. Et ass awer weder en Déier nach eng Planz. Wat et genee ass ka kee sou genee soen. D'Julie Dupont huet e bësse méi Informatiounen iwwert dat komescht Wiesen.

23/10/2019 Wat ass de Blob?

Lues a lues beweegt e sech virun. Giel a schläimeg zitt en sech duerch säin Terrarium. E ka friessen ouni e Mond ze hunn. En denkt a léiert, an trotzdem huet en kee Gehir. En ass onstierflech. A virun allem weess keen wat en eigentlech ass. Well e gesäit aus wéi ee Champignon, a behëlt sech awer wéi een Déier mee en ass och keng Planz. Riets geet vum mysteriéise Physarum polycephalum. Och nach bekannt als... Blob.

E klengt zwar éischter wéi aus engem Horrorfilm, mee e ka weder Mënsche friessen nach d'Weltherrschaft u sech huelen. De Blob ass een erstaunlecht Wiesen, dat zwar scho Millioune vu Joeren al ass, awer eréischt zanter de 70er Joren erfuerscht gëtt. Probéiere mer mol ze resuméiere wat en alles kann:
De Blob léiert konstant bäi, an dat als Eenzeller ouni Gehir.  Esou fënnt en zum Beispill dee kierzte Wee aus engem Labyrinth, a kann dat wat e geléiert huet un een anere Blob weiderginn andeems se sech verbannen. Dat bescht drun: huet en eemol ee Wee geléiert, verhält en deen och iwwer länger Zäit. Da kann en och säi Liiblingsfudder erkennen, ouni Aen oder e Mond ze hunn. Am Fall vum Paräiser Blob sinn et iwwregens Huewerflacken.
Och wéi de Blob sech iwwerhaapt ka weider bewegen ass nach net ganz kloer. E kann sech ausbreeden wéi  eng Flecht, mee sech och an eng deck Bull zesummerullen. An e kann sech gezielt an all Himmelsrichtunge bewegen.
De Blob huet och ganzer 720 Geschlechter. Och wa Geschlecht eng éischter schlecht Beschreiwung ass beim Blob. Seng Fortpflanzung nennt een eigentlech Konjugatioun a geschitt andeems eng Spenderzell sech mat enger Empfängerzell zesummen deet. An dat geet eben op 720 Aart a Weisen.

Och Messer an anere schaarf Géigestänn maachen him näischt aus. Wann een de Blob duerch schneit setzt en sech an Zäit vun 2 Minutten einfach erëm zesummen. Keng Angscht, en ass awer zimlech einfach a Schach ze halen: et muss een em einfach e puer Schleeken dobäi setzen, dann huet et sech ausgeblobt.