Zweemol am Joer stellt ee sech déi selwecht Fro. A wéi eng Richtung gëtt d'Auer geréckelt. Et ass eigentlech ganz einfach. Am Summer stellt een Gaardemiwwelen eraus, d'Auer gëtt no fir geréckelt. Am Wanter raumt een se erëm eran, d'Auer gëtt zeréck gestallt. Wëllt der nach e puer Ieselsbrécken? Hei fannt der se.

23/10/2019 Gëtt d'Auer no vir oder no hanne geréckelt?

An der Nuecht vun e Samschden op e Sonnden ass et erëm esou wäit. Mir dréinen un der Auer. No hanne w.e.g.

Et kann een sech och unhand vun engem Thermometer orientéieren. Et muss awer en analoge sinn. Am Wanter kréie mer Minustemperaturen. Also Minus eng Stonn fir d'Wanterzäit. Am Summer sinn dës dann erëm am positive Beräich. Deemno plus eng Stonn.
Am Wanter ass et kal. Am Summer ass et waarm. De Wanter ass däischter a kal. Dat ass e negatiivt Gefill - also gëtt d'Auer zeréck gestallt. Am Summer ass et schéi waarm an et ass hell. Dat ass positiv, mir dréinen den Zär eng Stonn virun.
Eng weider Ieselsbréck huet et da mam opstoen op sech. Am Fréijoer musse mer am Géigesaz zur Wanterzäit méi Fréi opstoen. Dat läit dorun dass mer d'Auer vun 2 op 3 Auer stellen.
Et gëtt och en englescht Wuertspill. Spring forward, fall back. Iwwersat heescht dat: Sprang vijenzeg, fal zeréck. Spring heescht awer och Fréijoer Fall steet fir den Hierscht.
Et kann ee sech Zäitëmstellung och als en Déif virstellen. Dëse bereit awer iergendwann wat e gemaach huet, a gëtt engem dat wat geholl erëm.
Kënnt Summerzäit, kritt een eng Stonn geklaut, kënnt Wanterzäit, kritt een déi Stonn erëm. Esou einfach ass dat.

Wiem dat ganzt elo nach ëmmer ze vill ass, hei nach eemol fir et kloer ze maachen. An der Nuecht vun e Samschden op e Sonnde gëtt d'Auer 1 Stonn zeréck gestallt.
Fëllt also fir eng Stonn méi Sand an är Sandauer.