Déi elektronesch Trottinetten sinn net nëmmen zu Lëtzebuerg een Thema. An sou zimlech all gréisserer Stad fënnt een se, an dacks ob ganz gelungene Plazen. Bei Lime mussen d'E-Trottinetten awer elo richteg ofgestallt ginn, Julie Dupont. 

23/10/2019 Schluss mam Chaos bei den E-Trottinetten

400.000 Euro. Dat ass nawell eng anstänneg Zomm. An déi huet déi amerikanesch Entreprise Lime un d'Fourrièren an der franséischer Haaptstad misse bezuelen. An dat well ronn 1000 Trottinetten vu Lime alleng dëst Joer falsch geparkt a vun der Police ofgeschleeft goufen. Eng deier Rechnung, déi elo net méi vun der Entreprise alleng gedroe gëtt. 59 Euro muss een ab elo berappe wann een d'Trottinette einfach egal wou hi stellt.

Wann eng Trottinette an der Fourrière lant, muss elo dee läschte Client  deen d'Trottinette benotzt huet dofir opkommen. Dee fënnt d'Entreprise eraus, andeems se de Standpunkt vun der Trottinette nosicht. Dee gëtt da mat der Foto verglach, déi de Client maachen, an op der App eroplueden muss fir d'Trottinette kënnen ze spären.

Lime hofft, dass hir Clienten duerch déi nei Mesure elo méi responsabel mat den Trottinetten ëmginn. Déi elektresch Scooter sinn nämlech net onbedéngt bei jidderengem beléift. Der Paräiser Buergermeeschtesch Anne Hidalgo an och villen anere Leit si se en Där am A. Dat kënnt virun allem doduerch, dass Leit déi d'Trottinette benotzen sech net informéieren oder interesséieren wat se däerfen an net däerfen.
Sou ass et zum Beispill verbueden d'Trottinette um Trottoir ze parken. Wann een dobäi erwëscht gëtt, kascht et 35 Euro. An der franséischer Haaptstad ginn et nämlech extra Parkplazen fir d'E-Scooter. Wat och net jidderengem bewosst ass: zu Paräis ass et verbueden mat den Trottinetten um Trottoir ze fueren. Wëll se awer ee gutt Stéck méi schnell sinn wéi net elektronesch Trottinetten, sinn d'Geforen fir d'Foussgänger einfach ze grouss.

De Problem mat den Trottinetten war och schonn zu Lëtzebuerg een Thema, nodeems d'Firma "Bird" hir Trottinetten an d'Haaptstad gestallt hat. Vun dëser Aktioun war d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer awer guer net begeeschtert, well d'Stad dat ni erlaabt hat. An där kuerzer Zäit wou een se hei an der Stad konnt notzen waren der anscheinend och op de Schinne vum Tram gelant.   

Mol kucken op d'Devise"wer nicht hören will muss fühlen" elo eppes bréngt zu Paräis.