Virun 18 Joer huet den Jon Rubinstein dem Steve Jobs en Hardisc gewisen dee nëmmen knapp 2 Zoll grouss war. Doraus eraus ass den iPod entstanen, deen ob engem 23. Oktober virgestallt gouf.

23/10/2019 An 100 Sekonnen: Den éischten iPod

Den iPod war dee Musekspiller dee sech am meeschte verkaf huet.
Spéider koume souguer Modeller eraus déi och Videoen ofspille konnten.
Ma deemools haten se just e groen, oder, soe mer schwaarz wäissen Display. Den Harddisk hat nëmme 5 oder 10 Gigabyte: Haut gëtt et Smartphone déi scho méi Aarbechtsspäicher hunn.
Fir d'Musek op den Apparat ze kréien huet dëse misse mat iTunes verbonne ginn. Eng Software, déi genee wéi den iPod längst och schonn net méi existéiert.
Fir duerch d'Lidder ze navigéieren hat een dat klengt Rad mat agebaut. D'Riedchen huet sech mechanesch dréie gelooss. Dës Innovatioun huet Apple Click Wheel gedeeft.

All Apparat konnt Musek an de Formater MP3, AAC, AIFF, Wave an d'eegent Format vun Apple ofspillen.
Deemools war den iPod e Produit dee just op Mac fonctionnéiert huet. Den iPod gouf entwéckelt wëll déi Apparater déi bis dohinner um Marché waren ze grouss an ze onpraktesch waren, dernieft gouf d'Nofro un digitale Medien ëmmer méi grouss.

Ma den iPod ass lues a lues ausgestuerwen. No bal 16 Joer war Schluss. De 27 Juli vum Joer 2017 huet ee bei Apple decidéiert d'Maschinn aus de Regaler ze huelen. Dee Moment hat e sech iwwer 400 Mio verkaf.
Dernieft huet de Produit de Red Dot Award gewonnen. E Präis deen den Design éiert.

Wien haut nach am Besëtz vun engem alleréischten iPod ass dee komplett ass. Mat Këscht dee kann sech freeën, dës bréngen am Verkaf ëm 4000 Dollar.