Dacks gëtt gelaacht wann een héiert, wat ee fréier un Hausmëttel benotzt huet fir z.B eng Erkältung oder eng Gripp an de Grëff ze kréien. Zu Onrecht. Villes dovun ka medezinesch bewise ginn.

25/10/2019 Tipps vun der Boma

Ugefaange mat de Quidden. Heimat kritt ee bal alles an de Grëff. Just seng finanziell Problemer muss ee selwer léisen. Et soll ee se zu engem Jus kachen. Bei Entzündunge wéi Halswéi, oder wann een den Houscht huet, kann een domat guergelen. Käre kann een z.B och als Houschtkamell lutschen.
Mam Quidde-Schläim deen entsteet wann ee Kären opquëlle léist, kann ee souguer Entzündungen heelen.
Et ass duerch de Pektin deen dran ass dass een der Quitt eng positiv Wierkung noseet.

Fir besser schlofen ze kënne kann een op eng waarm Mëllech mat Hunneg zeréck gräifen. Doduerch dass ee besser schlofe kann, kann et sinn dass een eng Erkältung besser an de Grëff kritt.
Et ass d'Aminosaier Tryptophan, déi de Kierper brauch fir am Gehir Serotonin ze maachen. De Serotonin ass e Gléckshormon. Den Effekt kann ee souguer nach an d'Luucht drécken an deem ee Mandelmëllech benotzt.

Géint Féiwer soll een puer Strëmp an den Esseg zappen. Et kann ee se dann undoen oder se ronderëm d'Wuede wéckelen. 1 Liter waarmt Waasser mat 2 EL Esseg gi schonn duer. Dat ganzt soll eng Véierelsstonn zéien, dono kann een duerfueren. Och eng gutt Méiglechkeet Sténkféiss ze neutraliséieren.

Féiwer ass och esou eng Saach. Wien net direkt eppes wëll huelen dee kann sech Bandagë ronderëm Wuede maachen. Dës sollen awer just wootlech sinn. Si se ze waarm, kann ee Kreeslafproblemer riskéieren. Wien dat 10 Minutten awierke léist, dee ka mat Chance säi Féiwer an de Grëff kréien.

Deen eegene Medezinmann doheem ze spillen ass awer nëmme bedéngt eng Saach. Sollt d'Erkältung oder Krankheet net ewech goen, oder e Symptom net an der Grëff ze kréie sinn, soll een eng Visitt beim Dokter maachen. Et ginn ebe Krankheeten do hëllefe just nach Medikamenter.