Et brauch ee net wäit ze reesen fir u Super-Food respektiv Super-Téi ze kommen. De Spackelter-Téi ass eng richteg Vitaminn-Bomm. E wierkt sech duerch seng vill gesond Substanzen positiv op de Kierper an de Geescht aus.

05/11/2019 Dee gudden ale Spackelter

Am spéiden Hierscht ass d'Zäit vum Spackelter. Wat d'Friichten vun de Rousen méi spéit gepléckt ginn, wat se dono am Téi méi séiss schmaachen. An der Naturmedezin ass Spackelter scho laang e Begrëff. D'Heel-Planz soll an de kale Wanterméint dobäi hëllefen, den Immunsystem ze stäerken an Erkältungen lass ze ginn oder se guer net eréischt opkommen ze loossen. Donieft entwässert se de Kierper, ass gutt fir ze entschlacken an ze entgëften, a gëtt och als wäertvoll ugesinn bei Nieren- a Blose-Kränkten. Weiderhin ënnerstëtzt de Spackelter d'Schläimhaut am Daarm a kënnt dowéinst gären bei Mo-Daarm-Krankheeten an den Asaz. Domatter net genuch: En ass gutt géint Péng an Entzündungen a kann esouguer bei Arthros hëllefen.

Spackelter ass eng Vitaminn-C-Bomm. Mat 500 bis 1500 Milligramm pro 100 Gramm Fruucht ass dat esouguer méi ewéi an Orangen an Zitrounen. Dobäi kommen d'Vitaminnen A, B1, B2 an E, awer och Pektinnen an Antioxidantien ewéi de Lycopin oder Flavonoiden. Besonnesch ervir ze hiewen ass de Gehalt u Galaktolipid, eng Substanz aus Zocker a Fettsaieren, déi extra gesond soll sinn. Zénk, Magnesium, Eisen a Kalzium sinn och nach dran.

Mä et heescht oppassen: duerch d'Zoubereedung geet natierlech en Deel vun deene gudde Saachen verluer.

© Pixabay