Fir eis Heizungen huet elo erëm déi intensiivsten Zäit vum Joer ugefaangen. Dofir elo mol ee klenge Quiz fir Iech: wësst där dann wat déi Nummeren op der Heizung bedeiten? Falls net, dann huet d'Julie Dupont elo d'Léisung

07/11/2019 Zeechen an Zifferen op der Heizung

Stärchen, 1, 2 ,3, 4, a schlussendlech d'5. Dat sinn déi verschidde Wäerter déi een op enger klassescher Heizung fënnt. All Kand weess, dass wann et am Zëmmer soll waarm ginn, muss een d'Ventil an d'Richtung vun der 5 opdréinen.

Mee fir wat fir Temperaturwäerter stinn déi Zifferen an Zeechen dann iwwerhaapt?
Déi kleng Schnéiflack virun der 1 ass dee niddregste Wäert, deen ee kann astellen an hëtzt de Raum op 6 Grad. Dat geet duer, fir dass d'Keelt net an d'Haus selwer kënnt, a kann och d'Fréiere vu Waasserleitunge verhënneren. Dofir gëtt dëse Wäert och Fraschtschutz genannt. 6 Grad ginn duer fir Kellerraim déi een net weider notzt, an natierlech wann een an d'Vakanz geet.

Bei der Ziffer 1, steet d'Heizung bei 12 Grad. Dat ass eng gutt Temperatur fir d'Trapenhaus.
Bei der Ziffer 2 si mer da scho bei 16 Grad Celsius. Dat ass eigentlech eng gutt Temperatur fir an der Schlofkummer, mee do huet natierlech och jiddereen perséinlech Preferenzen.
Op der Nummer 3 gëtt et mat 20 Grad nach ee Stéck méi waarm, wat och angenehm ass wann der grad an der Stuff oder am Iesszëmmer sidd.
D'Ziffer 4 léisst d'Temperatur dann op 24 Grad klammen. Sou waarm kënnt der et roueg an der Buedzëmmer maachen. Vue dass een am Buedzëmmer och alt mol méi dacks plakeg ënnerwee ass, klengt dat och logesch.
Bei der Ziffer 5 erreeche mer dann 28 Grad Celsius. Dat kann eng Hëllef sinn fir d'Schwämm ze hëtzen, an nach bei besonnesch kale Situatiounen oder Leit.
Tëscht der Ziffer 1 an 2 fënnt een op verschiddene Modeller och nach ee klengen Hallefmound. Do bleift den Thermometer bei 14 Grad stoen. Dat ass och eng gutt Temperatur fir d'Nuecht, vue dass mer an där Zäit d'Majoritéit vun de Raim net notzen.

Deemno wéi een Thermostat op der Heizung drop ass, ass et awer mat den Zifferen nach net eriwwer. Do dertëscht, fënnt een dann och nach eemol sou kleng Strécher. All Stréch representéiert nach eemol Ee Grad Celsius.
An all Grad kann een och direkt am Portemonnaie spieren. Ee Grad manner op der Heizung kann d'Käschte fir ze hëtzen ëm 6 Prozent erofsetzen. Dofir lount et sech definitiv d'Temperatur deenen eenzelne Raim unzepassen.