Méi Liicht hieft am Wanter net nëmmen d'Laun, ma suergt wahrscheinlech och derfir dass mer manner mat killen Temperaturen eis Problemer hunn. Dëst gouf elo an engem Experiment vun der Ecole polytechnique zu Lausanne festgestallt,  Michèle?

08/11/2019 Méi Luucht am Wanter

D'Quantitéit un Dagesliicht beaflosst anscheinend och wéi mer d'Temperaturen empfannen. Dëst huet d'Team ronderëm d'Georgia Chinazzo vun der EPF Lausanne am Fachmagazin Scientific Reports publizéiert. D'Wëssenschaftler hunn 42 Männer an 42 Frae verschidden Aufgaben an engem Raum maache gelooss, wou si d'Temperatur an d'Liichtverhältnësser selwer steieren a manipuléiere konnten. Mol hunn d'Leit bei 19, mol bei 23 oder 27 Grad schaffen mol war hell Luucht am Zëmmer, mol méi gedimmert, mol relativ däischter. Obwuel d'Luucht weder d'Hauttemperatur beaflosst huet, nach dat direkt Temperaturempfannen, koumen déi kill Temperaturen de Probande bei manner Dagesliicht méi desagreabel vir.
Bei der Hëtzt war et genee de Contraire, hei hunn se sech an engem méi däischtere raum méi wuel gefillt.  
D'Fuerscher ginn dervun aus dass dës Erkenntnis dobäi hëllefe kann besser Wunn an Aarbechtsatmosphären ze schafen, esou kéint een an engem Büro dee ganz vill Luucht eraléisst, op engem bedeckte Summerdag d'Klimaanlag e bëssen eroffueren, a wiem et op engem däischteren Hierschtdag kal ass, dee kéint t'éischt d'Luucht umaachen iert en d'Heizung opdréit.
Dass kënschtlech Luucht och eis Temperaturempfannen beaflosse kann, dat hu fréier Etüde scho bewisen.