Eng Klensch ugepaakt, engem d'Hand ginn, oder d'Autosdier zougemaach an Zack!!! Schonn nees krute mer eng gewéitscht. Grad elo wou et méi kal gëtt dierft dat ville Leit geschéien. De Wanter ass e "Knisterwieder" wou d'Fonke fléien an d'Hoer zu Bierg stinn. Wisou ass dat esou, Michèle Schons?

08/11/2019 Firwat kréie mir am Wanter méi dacks eng gewéitscht?

Kréie mer eng „gewéitscht", da fléisse ganz kuerz bis zu 35.000 Volt duerch eise Kierper, mir spieren den elektresche Schlag. Wann et däischter ass, da kann een de Fonken esouguer gesinn. Déi Stroumschléi sinn zwar relativ desagreabel, awer gesondheetlech brauch een sech keng Gedanken doriwwer ze maachen. 
Mee firwat geschitt dat dann am Wanter méi dacks wéi soss? D'Erklärung ass einfach: D'Keelt gëtt vun extrem dréchener Loft begleet a bei dréchenem kale wieder ass ganz wéineg Fiichtegkeet an der Loft, déi dann e schlechten elektresche Leeder ass. De Kierper luet sech da besonnesch gutt a séier op an deementspriechend méi dacks an intensiv kréie mer der dann am Wanter gewéitscht. 
Mënsche mat dréchener Haut sinn nach méi ufälleg, well d'Luedung sech hei nach méi schlecht iwwert de Kierper verdeelt. Och Kleeder mat engem héijen Undeel vu Synthetesche Fasere, ginn duerch Kierperbeweegungen elektresch opgelueden an iwwerdroen d'Elektrizitéit op de Kierper.

Normalerweis gläiche positiv an negativ Luedunge sech permanent iwwert eis fiicht Haut an och d'Fiichtegkeet an der Loft aus. Ass d'Loft awer ze dréchen, da gëtt et keen Austausch. Wann een nach Schong mat enger décker Gummissuel huet, déi gutt isoléiert, da kann d'Ladung net offléissen a staut sech op. Wann dann e Géigestand aus Material ugepaakt gëtt wat Stroum leet, wéi zum Beispill Metall, da geschitt en Entlueden.   
Esou gi mer am Fong wéi en Akku ëmmer weider gelueden, bis de Stroum sech wéi e Blëtz entluet. Dat ka passéiere wann een engem aneren d'Hand gëtt, a besonnesch desagreabel, och bei engem Kuss.
Wéi staark dee Stroumschlag ass, hänkt dervun of, wéi vill sech gestaut huet a wéi gutt dat Material wat een upaakt viruleet. Ween de Risk vun esou Stroumschléi erofsetze wëllt, dee sollt fir eng héich Loftfiichtegkeet am Raum suergen. Lëften hëlleft net, au contraire d'oppe Fënster suergt derfir dass d'Loft bannen nach méi dréche gëtt.
Acrèmen wär och gutt fir Leit mat enger méi dréchener Haut, fir d'Fonken ze reduzéieren. Schong mat Liederssuel suergen derfir dass d'Energie sech an de Buedem entluede kann, a Kleeder aus Naturfaser a Kotteng si sënnvoll. Och wien tëschenduerch ëmmer mol nees Saache beréiert, déi geäert sinn, wéi en Heizkierper zum Beispill, dee kann d'Luedung am Kierper erofschrauwen.