Dass een net onbedéngt muss richtegen Déierepelz undoen just fir waarm ze sinn oder souguer just chic auszegesinn, gëtt ëmmer méi Leit bewosst. An elo huet den Trend vum falsche Pelz et souguer an adleg Kreesser gepackt, Julie Dupont?

08/11/2019 Schluss mat richtegem Pelz bei der Queen

Et ass net nëmmen iergend een Royal deen amgaangen ass säi Kleederschaf aus ze mëschten, mee et ass souguer d'Queen Elizabeth héchsperséinlech.
Déi britesch Kinnigin ass nach ëmmer fir eng Iwwerraschung gutt gewiescht. An och virun Neiem huet se sech siele gescheit. Mat 93 Joer huet Si dann elo decidéiert, dass Kleedungsstécker mat Pelz drun näischt méi am royale Kleederschaf verluer hunn. Et war eng Decisioun vun der Queen selwer, wann een hirer Stylistin, dem Angela Kelly gleewe kann. D'Angela Kelly ass scho ganzer 25 Joer am Déngscht vum britesche Kinnékhaus, an zanter 2002 déi perséinlech Beroderin a Stylistin vun der Queen. Elo huet si dann ee Buch geschriwwen iwwert hir dach enk Relatioun mat der Queen. Iwwregens ass dëst Buch an Zesummenaarbecht a mam Seege vun der Kinnigin selwer erauskomm.  Eng Première.

Nieft aneren Anekdoten, kann een dann och noliesen, dass d'Monarchin vun dësem Joer un nëmmen nach falsche Pelz ugedoen huet wann et mol méi kal war. An dat wäert och an Zukunft esou bleiwen. Esou gouf zum Beispill ee Mantel, deen d'Queen 2008 an der Slowakei unhat, geännert. Virdrun hat de Mantel ee Kolli mam Pelz vun engem europäeschen Näerz. Dëse gouf awer elo duerch falsche Pelz ersat.

Wat nach net ganz kloer ass, ass d'Fro wat mat anere Kleedungsstécker geschitt. Esou huet d'Queen Elizabeth ee Pelzmantel deen se zanter 1960 am Schaf huet, an och oft unhat. Op se sech vun dësem trennt ass onkloer. Ee Kleedungsstéck aus Pelz dat mol ganz sécher an der Kollektioun wäert bleiwen ass dann awer den rout a wäissen Hermelinmantel vum britesche Kinnekshaus. Dëse gëtt och nach Crimson Robe genannt, an ass zanter dem 12. Jorhonnert d'Symbol vum Adel an England.

Mol kucken op d'Queen nach ëmmer den Trendsetter vun de Briten ass, an elo dat ganzt Land op de falsche Pelz wiesselt. Méi einfach wéi de Brexit géif dee Wiessel sécher iwwert d'Bühn goen.