Hautdesdaags  sinn duerch d'Technik ganz vill Saachen op eemol méiglech. Esou och an der Filmbranche. An Hollywood gëtt elo ee Film produzéiert mat engem Schauspiller an der Haaptroll dee scho laang dout ass. Wien dat ass, a wéi verschidde Leit doriwwer denken, weess d'Julie Dupont.

11/09/2019 Ee neie Film mam James Dean

Et ass schonn ee komesche Gedanken: am Joer 2020 wäert et méiglech sinn ee Film ze kucken, deen eng Persoun an der Haaptroll huet déi zanter 55 Joer dout ass.
Riets geet vum Schauspiller James Dean, deen 1955 am Alter vun nëmme 24 Joer gestuerwen ass. Dem James Dean seng Lëscht u Filmer ass éischter kleng: vun deenen 8 Filmer an deenen e matgespill huet gouf e bei 5 Stéck mol net mam Numm erwähnt. Réischt duerch seng Roll am Film "...denn sie wissen nicht was sie tun." ass em den Duerchbroch gelongen. Dat trauregt un dem Ganzen: den Dean huet kee vu senge Kinofilmer herno op der Leinwand gesinn. "...denn sie wissen nicht was sie tun" ass réischt no sengem Dout eraus komm. Wat dem Schauspiller awer een enorme Kultstatus bei de Jonken verschaaft hat.

Elo soll dann een neie Film mam James Dean erauskommen. Bis elo ass nach net all ze vill iwwert de Film gewosst. Et geet em de Vietnamkrich an ee jonke Mann deen eigentlech an de Krich geet fir do ze stierwen. E begéint dohannen engem Labrador, duerch deen en erëm ee Wëlle kritt dat ganzt duerch ze stoen. Den James Dean soll dobäi ee Personnage verkierperen dee Rogan heescht an eng vun den Haaptrollen am Film duerstellt. Dat ganzt wär dann duerch alt Filmmaterial a Fotoe méiglech. Mat CGI Technik wär dat och ouni Fro méiglech. Och d'Famill, respektiv d'Firma déi d'Rechter vun der Famill vertrëtt huet där ganzer Saach zougestëmmt.

Ma awer stousse sech eng ganz Leit un där Iddi. De Schauspiller Chris Evans huet zum Beispill op Twitter geschriwwen dass een jo dann och mol ee Computer nach kéint ee neie Picasso produzéiere loossen, oder och vläicht een neit Lidd vum John Lennon. Och den Elijah Wood, bekannt aus der Herr der Ringe ass schockéiert iwwert des Decisioun. Dobäi ass et eigentlech net fir d'éischt wou ee Schauspiller duerch CGI an engem Film war. Dozou gehéieren zum Beispill d'Carrie Fisher an de Peter Cushing an de neie Star Wars Filmer. Een Ënnerscheed war do awer, dass des Schauspiller scho virun hirem Dout des Roll gespillt hunn an och nëmme fir kuerz Sequenzen.