Am LIVE! Planet People hat den Dan Spogen gëschter e Quartett op Besuch. 2 dovunner waren bal 2 Méint mam Auto op der neier Seidenstrooss ënnerwee, an déi aner 2 wäerten dëse Weekend Jonk an Al um Science Festival zu Hobbyfuerscher maachen.

de Frank PIAIA an de Mario ARMANO sin Enn August mat hirem Oldtimer vu Berlin op Peking gefuer. Fir all km dee se zeréckgeluecht hunn, hu se en Euro fir den Télévie op d'Säit geluecht. 13.596.- Euro koumen iwwer dëse Wee zesummen wou se vun der Schéinheet vun der Natur an der Frendlechkeet vun de Leit iwwerrascht waren. Am Laf vun der laanger Rees ware se awer och net vu Problemer verschount.

09-11-2019 LIVE (1) Berlin-Peking

Um Lampertsbierg an der Victor Hugo Hal kënnen déi Konschtinteresséiert sech bis e Sonndeg mat, e grousse Choix mat Wierker vu Galerien aus der ganzer Welt op der Luxembourg Art Week ukucken. d'Jenny Fischbach hat den Gerard Valerius am Gespréich.

09-11-2019 LIVE (2) Luxembourg Art Week

De Patrick MICHAELY an de Joachim HECKER bréngen haut a muer d'Kanner an déi Erwuessen zum Staunen bei der 12ter Editioun vum Science Festival am Gronn. De ganze Weekend kann ee sech op 54 Experimentéierworkshops a Showen freeën. Et geet drëms d'Beréierungsängscht mat der Wëssenschaft ze huelen

09-11-2019 LIVE (3) Science Festival