Duerch Kopfhörer ouni Kabel kéint ee Kriibs kréien. Eng Rumeur, déi den Ament am Internet am Ëmlaf ass. Fuerscher wëssen, dass mir duerch Bluetooth-Kopfhörer enger geréng Quantitéit un Strahlen ausgesat ginn, ma ob déi awer wierklech geféierlech fir de Mënsch sinn, kéint ee net sécher behaapten.

13/11/2019 Si Bluetooth-Kopfhörer geféierlech?

Vill méi misst ee sech Gedanken maachen, wéi haart ee Musik lauschtert, soen d'Experten. Den ORL Dr. Gilles Weidig erklärt, op wat ee muss oppassen bei de Kopfhörer. Virun allem bei den "In-Ear Kopfhörer" kéint d'Geheier bei engem Volume vun 85 Dezibel zimlech séier geschiedegt ginn. Dofir misst een do besonnesch gutt oppassen.
An och d'Dauer kann en Impakt hunn. Do gëllt 60/60 Reegel. Also 60 Prozent vum maximale Volume lauschteren an net méi laang wéi 60 Minutten den Dag.
An wien Angscht vun der Strahlung huet, dee misst sech bei de Kopfhörer éischter Gedanken ëm de Volume an d'Dauer maachen, wéi ëm d'Strahlen. An am Verglach zu aneren elektronesche Geräter ass d'Bluetooth-Strahlung bei Kopfhörer ouni Kabel vill méi geréng. D'Fuerschung ass schonn zanter engem Jorzéngt dobäi erauszefannen, wéi d'Strahlen, déi vun allerhand elektroneschen Geräter a virun allem och vun Smartphone an Tablet ausginn, der Gesondheet vum Mënsch schuede kënnen. Eng Etüd iwwer 10 Joer vun der internationaler Agentur fir Kriibsfuerschung huet erginn, dass de Risiko en Tumeur am Gehir ze kréien, net duerch d'Benotzen vun Smartphonen erhéicht gëtt. Ma an awer ginn d'Wëssenschaftler nach keng gréng Luucht. Et missten nach weider Etüden duerchgefouert ginn, virun allem wat dat intensiv Benotzen vu sou Geräter ugeet.
Wien dann op Nummer sécher well goen, dee benotzt Kopfhörer mat Kabel a léist säin Handy sou gutt et geet aus.
Also besser manner laang a manner haart d'Kopfhörer benotzen, well och wann een Angscht vun de Strahlen huet, misst ee sech zum Schluss dach awer eng aner Aart vun Technologie an d'Ouer stiechen, nämlech een Hörapparat.