Ze vill Zocker ass net gesond, ma an awer gräifen Liewensmëttelproduzenten gären drop zeréck, fir dass hir Platen besser a méi séiss schmaachen.

13/11/2019 Tomatenzooss fir Kanner: dacks eng Zockerbomm?

Virun allem Kanner hunn et gäre séiss. Ma dat hu verschidden Liewensmëttelproduzenten sech e bëssi ze vill zur Häerz geholl. Foodwatch ass eng däitsch Organisatioun fir Konsumenten, déi sech dofir staark mëscht, dass de Konsument qualitativ gutt Liewensmëttel ze kafen kritt, déi net schiedlech fir d'Gesondheet sinn.

Ma d'Industrie gräift gär fir Kanner dacks op Zocker zeréck, fir d'Produiten méi séiss ze maachen, fir dass et deene klengen Butzen och schmaacht. Virun allem an Tomatenzoossen, déi speziell fir Kanner produzéiert gëtt, géing een dacks e vill méi héijen Wäert un Zocker erëmfannen, wéi dat soss de Fall ass. Dat ka vun 11%, also 38 Gramm pro Glas, bis knapp ënner 3 Prozent variéieren.

Domadder géing d'Industrie Tomatenzooss als Séissegkeet hierstellen, ma den Elteren dës Zockerbomm awer als Haaptmoolzecht fir hiren Nowuess verkafen, seet den Oliver Huizinga vun Foodwatch.

E gudden Deel vum Zocker an der Zooss kënnt natierlech och vun den Tomaten an dem Geméis, deen dra verschafft gouf, ma an awer géingen zousätzlech Ingrediente verschafft ginn, déi eng verstoppte Quelle fir Zocker sinn, wéi zum Beispill  en Konzentrat aus Äppeljus.
Der Weltgesondheetsorganisatioun no, sollen bei engem Mannerjäregen maximal 10 Prozent vun de Kalorien pro Dag Zocker sinn.