Kommt Dir a leschter Zäit och manner gutt aus dem Bett? Villäicht läit dat jo un der Wanterzäit. De Raoul Roos erkläert iech u wat dat läit a wéi der moies besser aus dem Bett kommt.

18/11/2019 Verschlofen an der Wanterzäit 06h20

Et kéint een et jo och maachen wéi verschidden Déieren an e Wanterschlof halen, mä bon dat loosse mer mol sinn.

Heiansdo ass ee jo scho frou wann een net verschléift, well d'Funktioun um Handywecker dass een nach e puer Minutte ka weider schlofen verleet een dozou méi laang leien ze bleiwen.

Et fehlt eis einfach u Luucht fir wakereg ze ginn. D'Gehir bräicht ca. 30 Minutte fir wakereg ze ginn. Wann et däischter ass nach méi laang.

Mä wat kann een dann do dergéint maachen? Esou banal wéi den Trick och kléngt: et soll een owes éischter an d'Bett goen soe Schloffuerscher. Moies wann de Wecker geschellt huet dann am beschten direkt d'Luucht umaachen, och wann et nach sou schwéier fält.