Virun engem Véierelsjoerhonnert ass e Lëtzebuerger Entertainer fir ëmmer vun eis gaangen. De Ferdinand Jean Wark, kuerz Fernand Wark respektiv Warke Fern, ass de 15. November 1994 gestuerwen.

15/11/2019 Fernand Wark: ee Lëtzebuerger Entertainer

De Fernand kënnt den 1. September 1916 op der Neimille bei Bilschdref op d'Welt a war vu Beruff Bäcker a Reesender. Bekannt gouf hien awer duerch seng Optrëtter an der Revue an duerch d'Zéiunge vun der Nationallotterie. Genee sou bekannt war natierlech och seng Fra, d'Colette Hoffmann, mat där hien als Duo Colette a Fernand opgetrueden ass an ënner anerem mam Lidd "De Jangli fiert den Houwald erop" e Stéck Lëtzebuerger Museksgeschicht geschriwwen huet.

De Sänger, Kabarettist, Schauspiller, Auteur vu Sketcher a Liddertexter trëtt de 4. Abrëll 1992 zu Waasserbëlleg fir d'leschte Kéier mat senger Fra op. De Fernand Wark ass haut viru 25 Joer gestuerwen.