Sidd der schonn a Chrëschtdagsstëmmung? Wann net, da suergen bestëmmt déi sëllechen Filmer déi an nächster Zäit op der Tëlee lafen fir déi richteg Ambiance. De Raoul Roos huet do dernieft erausfonnt, dass déi och nach sollen gutt fir d'Gesondheet sinn.

18/11/2019 Chrëschtdagsfilmer si gutt fir d'Gesondheet 07h20

Eng Psychologin huet erausfonnt dass mer méi laang a méi glécklech liewen wa mer dat ganzt Joer iwwer Chrëschtfilmer kucken. Firwat net mam "Sissi" am Fréijoer, dem "Grinch" am Summer oder der "Feuerzangenbowle" am Hierscht?

Duerch d'kucke vun de Filmer géifen Gléckshormoner ausgeschott ginn: Dopamin. De Stress gëtt reduzéiert. Do dernieft hätte jo all déi Filmer en Happy End.

Et erënnert een sech och meeschtens u seng Kandheet, respektiv déi gutt al Zäiten. Virun allem beim Film "Drei Haselnüsse für Aschenbrödel" géif eng gewëssen Nostalgie matspillen.

Filmer déi ee scho gekuckt huet an dann ëmmer nees kuckt, géifen och Memoire stäerken. Well et géif een sech da nämlech un Szenen erënneren déi dann als nächst kommen. Un dee Moment bei deem d'Gangster der vum Kevin op d'Noss kréien, dorunner erënnert jidderee sech, net nëmmen an der Chrëschtzäit.