Mir sinn all anescht an awer hu mer eppes gemeinsam: An eis bannendran ginn et net manner ewéi 4 Perséinlechkeets-Typen. Wéi eng dat sinn a wéi staark se an eis zum Virschäin kommen, kann een an engem Buch noliesen.

18/11/2019 Wéi eng Perséinlechkeet hutt Dir?

D'Wierk heescht 'Die geteilte Seele- Wie wir eins mit uns werden', geschriwwen vun zwee Psychiateren, dem Iris Zachenhofer a Shird Schindler. Doranner gëtt eng Method beschriwwen, mat där ee seng Perséinlechkeet ermëttelen an optiméiere kann. Mir all hunn am Idealfall véier Typen an eis, déi gläich staark entwéckelt sinn. Meeschtens ass awer een, deen d'Iwwerhand hëlt. Dat heescht net, dass een am Liewe net eenz gëtt, ma et leeft och net alles riicht. E Beispill vun engem vun den Auteuren: e romantescht Owesiessen. Fir dat brauch een eng aner Persoun ewéi fir eng wann een op der Schaff driwwer streit, wien Déngscht huet. Vläicht erkennt Der iech jo och an engem vun den Typen erëm:

© Pixabay

TYP 'CHRISTOPHER'
Deen ass stabill, iwwerhëlt Verantwortung, ass korrekt an objektiv. E kann awer och stur, éiergäizeg, onflexibel a knéckeg sinn. Grondangscht: Vergänglechkeet.

TYP 'SOPHIE'
Ass onofhängeg, selbstänneg, sachlech a realistesch. Kann awer och kal, graff an distanzéiert eriwwer kommen. Grondangscht: ze no kommen.

TYP 'VALERIA'
Geet gären Risiken an, rappt mat, ënnerhëlt vill a genéisst. Kann awer och liichtfankeg, launesch an widderspréchlech sinn. Grondangscht: Routine

TYP 'BONO'
Romantesch, bescheiden, lieft gären a Fridden a kann op anerer agoen. Kann awer och pessimistesch, passiv an ouni Hoffnung sinn. Grondangscht: Distanz.

Hei gëtt sech awer anescht ewéi an engem Wierk vum Psychanalyst Riemann, net op d'Ängscht, mä op d'Stäerkte konzentréiert. Et kënnt och nach eng fënneft Persoun an d'Spill, den Trainer; deen gëtt engem mat op de Wee wéi een déi Deeler a sech stäerkt, déi ënnerentwéckelt sinn a Situatiounen besser ze meeschteren. Eng Lecture also fir jiddereen, dee sech Gedanken iwwer seng Perséinlechkeet mécht a sech wëllt weider entwéckelen.

© Pixabay