Episod :  “Keng Prinzessinnen ” / “Pas des princesses”
Realisatioun : Rui Eduardo Abreu

24/11/2019 RWG "Keng Prinzessinnen"

Si sinn keng Prinzessinen, mee e Grupp vu jonke Fraen di Roller Derby spillen an der Equipe vun de "Grandes-Duchessen". De Kontaktsport huet feministesch Originen, an hire Coach de Miche, ass deen eenzege Mann an dësem weiblechen Univers. Hie versicht sou gutt wei e kann, si zu engem éischten Erfolleg ze féieren, ma hien huet et net einfach sech duerchzesetzen bei all deene staarke Fraen. Si zécken net seng Kompetenzen als Trainer, a seng Autoritéit a Fro ze stellen.

Rui Eduardo Abreu
No engem Studium an der Anthropologie huet hien zu Lussas op der Filmschoul e Master am Dokumentarfilm ofgeschloss. Während enger Rei Joren huet hien zu Paräis geschafft, wou hien Video-Kreatiounen fir den Theater realiséiert huet, a Cours'en an der "éducation à l'image" ginn huet. Zesumme mam Thierry Besseling a Loïc Tanson huet hien den Dokumentar-Spillfilm "Eldorado" realiséiert. De Film erzielt d'Geschicht, vun den Hoffnungen an Enttäuschungen déi 4 lusophonen Immigranten iwwert eng Period vun 3 Joer zu Lëtzebuerg erliewen. No den Episoden “Eng Familljesaach”, “Am Numm vum Papp”, "Et wor eemol", "Et weess een ni" ass dëst dem Rui seng fënneft Realisatioun fir routwäissgro.