Laachen, Laachen, Laachen !

18/11/2019 D'Geheimnis vun enger glécklecher Bezéiung

Eng glécklech Bezéiung, déi bis un d'Enn vum Liewen hält. An e puer Prozent vun de Fäll klappt dat esouguer ;-) En amerikanesche Fuerscher wëll d'Geheimnis vun enger Dram-Partnerschaft fonnt hunn an en huet laang geschafft fir zu deem Resultat ze kommen.

Net manner ewéi dräi Joerzéngte laang huet d'Etüd vum Jeffrey Hall vun der University of Kansas gedauert, un där méi ewéi 15'000 Leit hunn drun deelgeholl hunn. Humor ass de Schlëssel fir e glécklecht Zesummeliewen. Et géif awer net duergoen, nëmmen eng Persoun u senger Säit ze hunn, déi witzeg ass a gären laacht, mä déi zwee mussen dee selwechte Sënn fir Humor hunn an de Witz och zesummen ze kreéieren, esou de Wëssenschaftler.

Da muss een och kënnen iwwertenee laachen a net nëmme mateneen. Ass dat de Fall, gëtt d'Bezéiung nohalteg gestäerkt, kritt Sécherheet, an et ass een als Koppel um richtege Wee. Allerdéngs muss een och wëssen wou seng Grenze sinn. Aggressiven Humor, zum Beispill, geet guer net- deen ass schlecht fir all Zort vu Bezéiung an am schlëmmsten fir eng Partnerschaft.

© Pixabay