Onsiichtbar gi wéi beim Harry Potter oder wéi am Buch „Der Unsichtbare“ vum H.G. Wells. An nächster Zukunft gëtt dat Realitéit. Fir de Militär.

18/11/2019 Onsiichtbar ginn

Einfach emol verschwanne, wéi beim Harry Potter. Oder wéi am Buch aus dem Joer 1897 Der Unsichtbare vum H.G Wells an dem Wëssenschaftler Griffin, dee mat hëllef vun enger chemescher Formel verschwënnt.
Déi ganz Geschicht gëtt et iwwregens och am Film Die Liga der aussergewöhnlichen Gentleman.
Elo kënnt eng Zort Tarnschëlt eraus mat deem genee esou eppes méiglech soll sinn.

Déi kanadesch Firma HyperStealth Biotechnology Corporation huet eng ganz speziell Technik entwéckelt mat där ee wéi et schéngt net nëmme Mënsche ma och Géigestänn onsiichtbar maache kann.
D'Material nennt sech Quantum Stealth Material. Et ass eppes wat Krëmmung vun der Luucht beaflosst.
Fir dass dat Ganzt awer fonctionéiert brauch ee Stroum. Grousse Virdeel. De Produit ass hauchdënn an och nach bëlleg. Et kann een net nëmme Mënschen domat verschwannen doen och Autoen oder Schëffer kënnen ouni Problem verschwannen.
Et kann an all Joreszäit, Dageszäit, ëmmer an iwwerall agesat ginn.

Technologie déi dohanner stécht notzt d'Luucht. Doduerch dass d'Material esou dënn ass léist et sech einfach verformen, béien. Luucht gëtt op eng ganz spezial Aart a Weis gespigelt esou dass den Objet mam Hannergrond verschmëlzt.

Leider ass dat ganzt just fir de Militär. Ënnert de Beemche fir Chrëschtdag kann et engem deemno net leeën.