De Kaffi ass de Middegkeetskiller Nummer 1. A wann dat net méi hëlleft, da maache mir e "Powernapping". Fir dat ganzt richteg effikass ëmzesetzen, sollt ee béides maachen.

19/11/2019 Besser Taktik géint Middegkeet wéi just nëmme Kaffi

Et sinn déi 2 Saachen zesummen, déi engem hëllefen, no enger Phas vu Middegkeet erëm méi séier op d'Been ze kommen.
Fir d'éischt drénkt een e Kaffi an da rascht een e bëssen. Kléngt komesch. Et weess ee jo, dass de Koffein éischter waakreg wéi midd mécht. Vill Leit drénken aus Angscht virun enger Nuecht ouni Schlof hir lescht Taass Kaffi mueres um 11 Auer.

Wat geschitt dann elo, wann ee Kaffi drénkt an da schléift. Dat ganzt suergt dofir, dass ee beim Erwäche vill méi séier zou sech kënnt. Dat nennt sech dann och net méi Powernap mee Coffeenap. Dat ganzt gouf och wëssenschaftlech bewisen.

De Koffein kënnt fir d'éischt an de Mo. 20 Minutte méi spéit kënnt en an d'Blutt, dono an d'Gehier. De Koffein ass dem kierpereegene Botenstoff Adenosin änlech an deen ass dofir zoustänneg, dem Kierper Middegkeet ze signaliséieren.
E suergt dofir, dass manner Dopamin oder Noradrenalin ausgeschott gëtt. Nerve ginn esou net gebremst a schaffe weider. Ma net all eenzelen Adenosin-Rezeptor ka blockéiert ginn. A genee hei kënnt de Coffeenap an d'Spill.

Iwwerdeems mir schlofen, botzt eist Gehier op eng natierlech Aart a Weis den Adenosin. Dat heescht, dass nom Schlofe manner Rezeptore vum Moleküll aktiv sinn. No engem Kaffi dauert et +/- 20 Minutten, bis de Koffein dës Rezeptoren erreecht an esou seng voll Wierkung entfaalt.

Drénke mer also Kaffi a leeën eis dono, da geschéien 2 Saachen: Wärend dem Schlofe setzt de Kierper Adenosin fräi. Kënnt elo de Koffein iwwert dem Schlofen am Gehier un, fënnt dësen do méi Rezeptore wéi virdrun. Dës gi besat a mir spieren eng Energie, déi méi staark ass, wéi wa mer just nëmme gerascht hätten. Et ass awer wichteg, net méi wéi 20 Minutten ze schlofen.