Wann engem säi Famillienumm "Brecht" ass, da muss een domadder rechnen, dass ee mam bekannten däitschen Auteur Berthold Brecht a Verbindung bruecht gëtt. Säin Enkel ass awer elo an engem aneren Domaine aktiv.

19/11/2019 Enkel Berthold Brecht (Schockela New York) 07h20

Am Joer 1941 ass de Berthold Brecht mat senger Fra a mat sengen zwee Kanner, Stefan a Barbara virun de Nazis geflücht, an zwar a Kalifornien. Nom Krich geet d'Famill zréck op Ost-Berlin, de Stefan bleift awer an den USA a kritt 2 Kanner, dorënner de Sebastian. Deen ass allerdéngs net sengem Grousspapp nogeschloen an huet wéineg mat Literatur ze dinn.

Mat 21 Joer schafft deen als Schlässer, nodeems e vun e puer Schoule geflunn ass. Do fält em dann e Buch an d'Hand dat säi Liewe verännert: eent iwwer franséisch Taarten. Hie spezialiséiert sech an deem Domaine, schafft bei engem Stäre-Kach a verkeeft seng Taarten un déi beschten Haiser zu New York.

Am Februar 2017, op Valentinsdag, mécht de Sebastian Brecht am Süde vun Manhattan säin eegent Geschäft op: "Obsessive Chocolate Disorder" ass de Numm, deen op eng Verhalensstéierunge soll hiweisen ënnert där och de Sebastian Brecht leit.

Seng Schockelas-Kreatioune sinn international: fir déi italienesch Tablett Schockela verschafft en däischtere Schockela mat Mandelen an Olivenuleg, fir déi aus der Tierkei Kardamon a Kaffi. Déi griichesch si mat Fenchel gefëllt. Säi Schockela wier verspillt soe seng Mataarbechter, net traditionell.

Et gëtt och schonn un der Idee geschafft fir zu Berlin e Buttek opzeman, da musse mer net grad bis op New York fir dem Brecht säi  Schockela ze schmaachen.