Booking.com huet bei Reesender eng Ëmfro gemaach a wollt wëssen wéi si an Zukunft wëlles hunn ze reesen. E puer Saachen loossen sech elo schonn erkennen.

20/11/2019 Rees Trend 2020: Bewosst Reesen

D'Leit maachen sech méi Gedanken iwwert hier Destinatioun. Vill Plaze sinn iwwerlaf an dofir denke 54% vun de Leit driwwer no deen Trend net matzemaachen a Plazen déi iwwerlaf sinn ze vermeiden. 51% vun hinne wéilten am deem Fall éischter op manner bekannt Destinatioune reesen. Dës Leit gi vun der Reesbranche als "Second City Travelers" bezeechent. Si si Leit déi déi Zweetbescht Optioun wielen.

De Mënsch wëll sech och méi iwwerrasche loossen. Vun der Informatik. Sou wënschen sech vill Leit dass d'Plattforme fir ze buchen och emol méi exotesch Destinatiounen ubidden.
46% géife sur Place spontan Erliefnesser oder Hotel iwwert den Internet buchen.

Vun "Destination Hopping" a "Fear Of Missing Out" ass dann och passé. D'Leit déi nächst Joer reese wëllen et gemittlech. Lues. Si wëllen den Ekologesche Foussofdrock reduzéieren a sinn esou bereet op méi ëmweltfrëndlech Transportméiglechkeeten ze wiesselen. Si huele souguer méi eng laang Rees a kaf. Méi wéi d'Hallschent wëll dann d'Rees schonn zum Erliefnes maachen.

Tendenz méi Destinatioune wärend dem Congé oder der Vakanz ze besichen ass och fäerdeg. Den Trend hei geet Richtung Eng Destinatioun déi villes bitt. Wanderen, Kultur, Plage, gutt Restauranten a Shopping-Méiglechkeeten.

Da bezuele Leit gäre méi wann se dofir hiert Hausdéier kënne mathuelen. Et gëtt an deem Fall net méi geziilt no Hoteller gesicht déi Déierefrëndlech sinn.

71% vun de befrote Grousseltere wëlle méi Zäit mat hiren Enkelkanner verbréngen. Dofir si se och bereet dës mat an d'Vakanz ze huelen. Doduerch ville se sech méi jonk.
Pensionären notzen dann och hier fräi Zäit fir eng schéi Vakanz. All 5. wëll souguer e ganzt Joer ënnerwee sinn.