Iwwer Reesdestinatiounen léisst sech streiden: déi eng gi léiwer an Éisterräich campen, déi aner fléie léiwer an d'Karibik.
Wouriwwer een sech awer eens ass: an e puer Länner sollt een op kee Fall reesen, soss spillt ee mat sengem Liewen.

20/11/2019 Travel Risk Map 2020

Sief dat elo wéinst Naturkatastrophen, politeschen Onrouen oder Krankheeten.

D'Organisatioun "International SOS" huet elo d'"Travel Risk Map" publizéiert. Déi ass a verschidde Kategorien agedeelt a mat Faarwen illustréiert wou et op der Welt aktuell am geféierlechsten ass. Do gëtt dann d'Differenz gemaach tëscht: ouni Bedeitung, niddreg, mëttel, vill Risiko an extreme Risk. déi sinn däischter rout gemoolt.

Extrem geféierlech reest een an de Länner Libyen, Mali, Jemen a Syrien. Liicht manner geféierlech awer trotzdem nach en héije Risiko gëtt et an de Länner Mexiko, Venezuela, Nigeria an Ägypten. Ee mëttlere Risiko a Brasilien an och an der Tierkei.

An eise Nopeschlänner ginn et nëmmen Länner mat niddregem Risiko oder wou en einfach nëmmen keng Bedeitung huet.
Oder fir et einfach ze soen: an Europa gëtt et ee niddregen Rees-Risiko. Mir zielen zu 10 anere Länner op der Welt déi am beschten ofschneiden, wou et also absolut keng Gefor gëtt. Bei eis léist sech gutt reesen, grad wéi och nach an Norwegen, Finnland, Dänemark, Schwäiz, Slowenien, Island, Grönland, de Marshallinselen, Palau an Tuvalu.

Méi geféierlech par Rapport zum leschte Joer ass et an Deeler vu Libyen, Kongo, Mosambik a Burkina Faso. A Mëttelamerika sinn et virun allem Honduras a Belize déi méi geféierlech sinn wéi nach dat leschte Joer. Da ginn et der awer och bei deenen de Risiko manner ass: Nicaragua zum Beispill.

Thema Medezin: wéi ass d'Versuergung an deem Land an den Accès zu de Medikamenter? E negatiivt Beispill sinn Afghanistan a Venezuela. Positiv weisen sech Australien an d'USA.