Defragmentéiert eist Gehier sech nuets selwer? A wa jo, firwat? Esou en änlechen Prozess konnte Fuerscher elo feststellen.

22/11/2019 Brainwash: Wat geschitt Nuets an eisem Gehir

Fuerscher vun der Boston University sinn der Fro nogaange wat an eisem Kapp geschitt wa mer schlofen.
Un 13 Männer a Fraen am Alter tëscht 23 an 33 Joer hunn si unhand vu Sensoren a spezielle Kape, probéiert eng Äntwert op d'Fro ze kréien.

D'Resultat war iwwerraschend. Et ass nämlech dobäi erauskomm, dass nom Aschlofen e bis ewell onbekannte Prozess an eisem Gehier uleeft.
Natierlech ass een an der Schlofphas net aktiv. Genee dat gëtt ausgenotzt. D'Blutt leeft aus dem Kapp eraus, a verdeelt sech op anere Plazen am Kierper.
D'Flëssegkeet am Kapp spullt déi Wellen an eisem Gehier duerch déi schwénge respektiv pulséieren.
Dee ganze Prozess dauert awer nëmmen e puer Sekonnen.

Wat dat elo bedeit ass nach onkloer. Ma d'pulséiere kéint dofir suergen dass onnéideg oder toxesch Eewäisser evakuéiert ginn. Dës kënnen d'Leeschtung vun eisem Gediechtnes beaflossen, dofir mussen se séier aus dem Gehier eraus.

D'Fuerscher ginn och dovun aus dass dëse Prozess mam Alter no léist. Dat kéint ee bei Alzheimer Patiente gutt erkennen. Ob dat elo esou ass solle weider Etüd beleeën.
Sécher ass awer dass d'Pulséiere vun der Flëssegkeet e sécheren Indice dofir ass, dass de Mënsch schléift.

D'Etüd gouf iwwregens am Magazin Sience publizéiert.