Een dee, fir d'éischte Kéier op Paräis reest, fir deen ass kloer, laanscht den Eiffeltuerm kommen ech net. Ouni den 324 Meter héijen an 10.000 Tonnen schwéieren Koloss aus Stol wier Paräis net wat et wier. Milliounen Leit pilgeren all Joer dohinner fir Fotoen ze huelen an eemol Paräis vun uewen ze gesinn. Ma eigentlech ass et awer iwwerbewäert.

Reesen déi sech NET lounen

Ze vill Touristen, ze héij Präisser an laang Schlaangen si mat nëmmen e puer vun de Grënn, wisou een eng beléiften Destinatioun dacks net richteg genéissen kann an een et einfach nëmmen fuerchtbar fënnt. Elo ass eng Lëscht opgedaucht mat den 10 angeblechen Top-Destinatiounen oder Top-Attraktiounen, déi een eigentlech besser hätt ze ëmgoen. Sou wéi eben den Eiffeltuerm oder och nach e Besuch beim Leonardo da Vinci sengem wuel bekanntsten Wierk, der Mona Lisa. 2018 sinn 10,2 Milliounen Leit am Musée beim Jardin des Tuileries passéiert.
Ma elo awer genuch mat Paräis. Iwwerbewäert wier och d'Trap aus dem neien Joker-Film mam Joaquin Phoenix. D'Trap op der Affiche vum Film leit an der Bronx zu New York an ass eigentlech näischt besonnesches. En plus, géingen d'Leit, déi niewendrun wunnen, sech freeën, wann net all Dag eng honnerte Leit am Joker-Kostüm virun hire Fënster turnen.
Filmer an och Serien schéngen dobäi dacks de Grond ze sinn, wisou verschidden Plazen op eemol iwwer Nuecht berühmt ginn, sou wéi d'Plazen, wou déi beléiften Serie "Game of Thrones" gespillt huet. Eng Plaz an Nordirland huet als Kulisse fir déi schwaarz Festung gedéngt. Ma fiert een als Fan dohinner, fënnt ee just ee klengt Duerf mat engem ale Steebroch. Näischt Spektakuläres also. Ma d'Gemeng géing sech awer lo dofir interesséieren Suen an e Projet ze pompelen, fir vum neien Tourismus ze profitéieren.
Instagram ass voll mat Fotoen vum "Museum of Ice Cream" zu New York. Ma dat wier awer och dat eenzegt wat ee kritt, fir seng Suen. 39 US-Dollar ass den Entrée, fir dass een flott Kulissen fir säi privaten Fotoshooting kritt, ma un Informatiounen iwwert d'Glacen géing et awer méi wéi feelen.