Gäscht ulackelen geet net méi esou einfach an deem een e King-Size-Bett bitt. Et ginn e puer Hoteller déi hunn do scho méi spezial Schlofgeleeënheeten an hirer Offer. An engem Betonsrouer oder an engem Auto. E puer Stéck hu mer fir iech erausgepickt.

27/11/2019 Aussergewéinlech Hoteller

Aus engem Fluchhafen Hotel ass emol ganz einfach en Autohotel ginn. Zu Stuttgart steet et an et bitt 10 Zëmmer. Dës si vum Bett bis an Buedzëmmer komplett am Autostil gehalen. Am Car Wash Zëmmer steet eng Wäschanlag.
Hoffentlech fonctionéiert déi net méi.
Am Zëmmer mam Numm Autokino schléift een ënnert engem kënschtleche Stärenhimmel am Capot vun engem Auto.

En Hybridhotell mam Numm Propeller Island City Hotel steet dann zu Berlin. Better déi fléien, Klenschen un den Dieren déi ausgesi wéi wann se verrëtscht wieren oder e schife Buedem. 5 Joer laang gouf hei renovéiert. 100ten vun Ariichtungsgéigestänn hunn hire Wee an d'Zëmmer fonnt déi all unique sinn. D'Kënschtler hu souguer eege Musek, Naturgeräischer an och Klangskulpture mat agebaut.
Et ass de wahrscheinlechst ongewéinlechsten Hotel vun Däitschland. Beim Check in kritt ee souguer e Mode d'Emploi wéi wat fonctionéiert.

Zu Kaiserslautern kritt een dann d'Méiglechkeet an engem ale Prisong ze schlofen. Nieft den typesche Prisongszelle kann een awer och eng Suite buchen. E Buedzëmmer gëtt et net. Et muss een an d'Gemeinschafts-Duschen. De Kaffi mueres kritt een, wéi am Prisong duerch eng Klapp an der Dier gereecht. Et gëtt e Séjour nom Motto Your experience is our pleasure“

Zu gudder Lescht kann een dann nach ganz gemittlech op engem Hausboot zu Rügen Vakanz maachen. Et gëtt 12 verschidden Zëmmeren déi am moderne Stil ageriicht sinn. Se riichten sech u Famille mat Kanner.

Um Enn gëtt et dann nach en Hotel wat ganz am DDR Stil gehalen ass. Et steet, wéi kéint et anescht sinn zu Berlin. 6 Etagen ouni Lift mat der Tapéit wéi se deemools modern war.

Vakanz emol anescht ass also méiglech. An dat bal direkt op eiser Dier.