Wéi vill Kaffi ass déidlech. Firwat kréie mer de lästegen Hick a wéi e Fett ass gutt fir d'Häerz? Hei ginn et puer Äntwerten.

28/11/2019Wéi tickt de Kierper

An enger Taass Kaffi sinn +/- 115 MMG Koffein dran. Bei 5 - 10 Gramm fänkt déi Saach dann un kriddeleg ze ginn.
Wien dëse Seuil erreecht riskéiert eng Koffeinvergëftung ze kréien. Fir et dann awer iwwerhaapt esouwäit kommen ze loosse misst een dann awer bis zu 42 Tase Kaffi drénken.
Ech mengen dass och dee gréisste Kaffisbiz e puermol misst gefëllt gi fir dee Plaffong ze erreechen.
Méi geféierlech sinn an deem Fall d'Energy Drinks. An dësen ass bis zu 240 MG Koffein. E puer Douse ginn schonn duer fir Häerzrhythmusstéierungen ze kréien. An Amerika goufen et dowéinst scho 5 Doudesfäll.
Eng wichteg Reegel. Wat d'Kierpergewiicht méi niddreg ass wat eise Kierper et manner gutt verdréit.

Dee längsten Hick vun der Welt huet 68 Joer gedauert. Et ass eng Funktioun vun eisem Kierper déi mer net méi brauchen. Si war wichteg wéi mer nach e Bebe waren. Se huet am Bauch vun der Mamm dofir gesuergt dass mer net erdrénken. Och jonk Mamme kennen dat. D'Kand wat grad Fläsch drénkt kritt den Hick. Esou gëtt garantéiert dass keng Mëllech an d'Longe kënnt.

Am Alter vu 25 Joer all Dag 10.000 Schrëtt lafe soll verhënneren dass ee chronesch Krankheete kritt. Et ass awer och ni ze spéit fir domat un ze fänken. 3 Deeg gi schonn duer fir säi Stoffwiessel ze aktivéieren.
Well am Alter geet et nach besser. D'Muskelzelle regeneréieren sech méi séier.

Wien säin Häerz stäerke wëll dee kann ob sougenannte gesond Fetter zeréckgräifen. Dee Moment ass et awer wichteg ob Fetter vun Déieren ze verzichten. Eng méi eng Gesond Alternativ ass planze Fett. Et huet kee Cholesterol an et suergt dofir dass déi méi héich Cholesterol-Wäerter ofgebaut ginn.

Ech ka mer awer net virstellen dass et elo gutt soll sinn d'Margarinn aus dem Dëppen ze lecken.