De Mënsch verbréngt vill Stonnen um Smartphone. Et gëtt der souguer déi richteg Süchteg nom Apparat sinn. Ma wien wëll, kann do och erëm erauskommen.

29/11/2019 Digital Abstinenz léieren

Google an och Apple hunn Tools déi engem hëllefen de Smartphone manner dacks aus der Täsch oder der Posch ze huelen. Et gëtt hei zanter kuerzem en Assistent deen engem uweist wéi laang ee bannent enger Woch mat den Aen um Bildschierm fixéiert war. Hei kann een z.B definéiere wéi laang een dann eng gewëssen App notze wëll. Et muss een eben Disziplin hunn. Ma esou ass jo mat all Sucht déi ee sech ofgewinne wëll.

Et ginn awer eng Partie Appen déi engem hëllefe wëllen de Smartphone aus der Hand ze leeën. Wat e bësse Paradox kléngt mécht awer Sënn. Ma mat "Forest" kann ee virtuell Beem planzen, an zwar da wann een de Smartphone fir eng Zäit net an der Grapp hëlt. Soulaang d'Software benotzt gëtt wiisst de Bam dann och. Et kann ee souguer virtuell Mënz sammelen an asetzen, fir domat richteg Beem ze planzen. Deemno Daum an d'Luucht fir d'App "Forest".

E bëssen anescht fonctionnéiert d'App mam Numm "Space" Hei setzt een sech en individuellt Zil wéi ee laang een den Handy net upake wëll. Wärend där Zäit ensteet an der App eng Galaxie mat Sonnen, Mounden a Planéiten.

Dat bescht ass awer ëmmer dat ganzt ouni eng App ze maachen. Et kann een sech z.B den Owend virdrun iwwerleeën zu wéi engen Zäiten een de Smartphone wëll notzen. Dann ass et den eegenen "Schweinehund" deen een iwwerwanne muss fir dat och anzehalen.
Wien mengt dat net eleng ze paken, kann sech e Frënd oder e Member vun der Famill mat an d'Boot setzen. Si kënne kontrolléieren, an engem souguer de Smartphone ewech huelen.
Vill gemaach ass scho wann een Owes den Handy net mat an d'Kummer hëlt. Komme Leit ob Besuch, oder trefft een sech am Restaurant kann een d'Handyen all asammelen. Deen Éischten dee säin Apparat hëlt muss e Patt ginn.

Hei muss ee just oppassen dass een net vun enger an déi nächst Sucht geréit.