D'Keelt ass wahrscheinlech mat dat onangenehmst am Wanter. Mee net nëmmen eis mécht et eppes aus wann et dobausse kal ass. Och eis Smartphones brauchen déi eng oder aner Hëllef vun eis fir gutt duerch de Wanter ze kommen. Wéi der dat maacht, weess d'Julie Dupont.

02/12/2019 De Smartphone wanterfest maachen

Mat dee gréisste Problem am Kalen huet den Akku vum Smartphone. Akkuen oder Batterien, sinn am allgemengen net besonnesch frou mat Keelt. Den Akku hält net méi sou laang duerch wéi soss. Wat den Akku méi kal gëtt, wat och seng Leeschtung méi rapid fält. Wat do hëlleft ass: Hëtzt. Déi kritt den Handy am Beschten of, wann en an der banneschter Täsch vun der Jackett ass. Rucksak oder och Boxentäsch sinn do éischter net sou hëllefräich.

Ee Problem dee Leit mat kalen Hänn dierfte kennen, kënnt wann een den Handy probéiert ze notzen, an den Touchscreen reagéiert net. Dat läit natierlech un den Händchen déi een elo alt méi dacks unhuet. Hei d'Léisung? Entweder Händche kafen déi Touchscreen kompatibel sinn, oder an de saueren Apel bäissen an d'Händchen ausdoen.

Een anere serieuxe Problem fir de Smartphone kann d'Fiichtegkeet sinn. Ass zum Beispill den Handy an de Schnéi gefall, kann et geschéien, dass Waasser an de Smartphone erakënnt wann de Schnéi entdeet. Wann dat geschitt: de Smartphone ausmaachen, an ee waarme Raum verfrachten, an en do mat Rou loossen. Op kee Fall mat Heizkierper oder Föhn probéieren  dat Ganzt ze beschleunegen. Dat ka schif ausgoen.

Wat och nach Gëft ass fir eis Handyen sinn d'Temperaturschwankungen. Vun der Keelt an dat Waarmt an erëm zréck, a sou weider. Duerch déi deels staark Ënnerscheeder, ka sech Kondenswaasser am Handy bilden. Am Beschten waart een eng gutt hallef Stonn ier een en ausgekillten Handy an enger waarmer Emgéigend wëll benotzen. Dat selwecht gëllt iwwregens och fir aner technesch Apparater wéi Laptoppen.