De leschte Weekend ass mat Liebe s/w dem Mark Forster säin Album vum leschte Joer op en Neits erauskomm. s/w steet fir schwaarz a wäiss a soll d'Stëmmung erëmginn déi am Theater zu Paräis geherrscht huet wéi de Sänger säin Album do virgestallt huet.

Nieft deenen anere Versiounen, de schwaarz/wäiss Versiounen, vun de Lidder vu Liebe huet et och nach eent komplett neit Lidd op d'Plack gepasst "Wie früher mal dich". Eng klassesch Nummer iwwer eng Trennung déi keen Opflame vun der Léift an Aussiicht stellt. Also eng glécklech Zäit déi elo eriwwer ass, awer och d'Hoffnung dat verluerent Gléck enges Dages, mat engem anere Mënsch, erëmzefannen. Wien dem Mark seng Lidder kennt, en Text oder eng Stëmmung, déi een eigentlech net vum Pfälzer erwaarde géing.