Deen een oder aneren wärt elo dëse Weekend zougeschloen hunn a vun de "Black Friday" Solde profitéiert hunn. Ganz schnell huet ee bei Wäitem méi ausginn, wéi een eigentlech wollt. D'Julie Dupont weess och firwat mer bei Prozenter noginn.

02/12/2019 Wéi reagéiert eist Gehir op Solden a Co.

Solde vu 40, 50 oder souguer 70 Prozent. Do kann ee mol schwaach ginn. Dacks bleift et awer net bei engem Akaf. Well knapps ass een aus dem enge Buttek eraus, lackelt dee nächste schonn mat grousse faarwege Schëlder an nach méi Prozenter. Aus "ech gi just kuerz kucken", ginn dann no an no ëmmer méi Tuten, an ëmmer méi Suen déi een ausgëtt. Um Internet geet et souguer nach méi séier: ee Klick, a schonn huet ee sech eng nei Täscheluucht fir op de Kapp kaf, déi een dach eigentlech guer net brauch.

Esou ee "Kaufrausch" entwéckelt sech ganz séier. De Grond dofir ass eist Gehir. Dëst verhält sech nämlech ganz genee, wéi eng Situatiounen eis glécklech maachen, a wéi eng net. Wa mer glécklech sinn, gëtt nämlech d'Gléckshormon Dopamin am Gehir ausgeschott. Dopamin gëtt ënnert anerem nach beim Konsum vun Drogen, Séissegkeeten oder beim Glécksspill ausgeschott. A bei Solden reagéiert eist Gehir ähnlech: et wëll ëmmer méi. D'Glécksgefiller huele souzesoen d'Iwwerhand am Gehir. Zur gläicher Zäit huet de Beräich fir Kontroll, deen éischter rational funktionéiert "Sendepaus". Wann esou ee Kaufrausch net ze heefeg gëtt ass dat och normalerweis kee Problem. Doraus kann sech awer och eng Sucht entwéckelen.

A wéi kann een evitéieren an d'Schnäppche-Fal ze goen? Virun allem emol: Präisser vergläichen. Well net all gutt Affär ass och effektiv eng. Bei Online Akeef ass dat heiansdo besonnesch schwéier erauszefannen. Am Buttek den Artikel selwer eemol genee z'ënnersiche schued och net. Leider sinn ëmmer erëm Saachen an de Solde wou schonn eppes dru futti ass. Och eng Akafslëscht kann hëllefen: sech fest un déi ze halen, spuert oft méi Suen wéi speziellen Offeren nozeginn. An déi absolut gëlle Regel ass ganz einfach: Brauch ech dat iwwerhaapt?