Eng Kaz erausloossen ass fir vill Kazebesetzer eppes ganz Normales. Ma domat kéint awer gläich Schluss sinn, wann zwee Affekote Recht kréien, Julie Dupont.

03/12/2019 Kaze gläich nëmmen nach dobannen

Eng Kaz ass gären dobaussen an der Natur. Do ka se sech an d'Gras leeën a sonnen, hiert Revéier géint aner Kazen verdeedegen oder och mol eng Maus oder ee Villche fänken. Dat kléngt alles onproblematesch. Zwee hollännesch Affekote gesinn awer an deem leschte Punkt ee grousse Problem. Den Arie Trouwborst an den Han Somsen hunn am "Journal of Environmental Law" een Artikel verëffentlecht, wou se sech dofir ausschwätzen, Kaze guer net méi oder nëmmen nach staark limitéiert erauszeloossen. Dofir wëlle si och op EU-Niveau dofir suergen, dass dat och unerkannt gëtt. Hinnen no wier et souguer illegal, op Basis vum europäeschen Naturschutzgesetz, Kazen erauszeloossen.

Ronn 370 verschidde Spezies sollen deenen zwee Auteuren no a Gefor sinn, auszestierwen duerch Hauskazen.
Och enger hollännescher Etüd no ginn alleng an Holland all Joer méi wéi 140 Milliounen Déiere vu Kazen doutgemaach. Gutt d'Hallschent dovu vu Kazen, déi ee Besëtzer hunn. Déi aner 70 Millioune gi vu ronn 10'000 wëlle Kazen erleedegt. Et ginn och nach aner Etüden, déi sech domat beschäftegen, wéi vill Schued Hauskazen dobaussen verursaachen.

Fir d'Aarte wär et deemno besser, Kazen net méi erauszeloossen. Ausserdeem, sou den Trouwborst, wär d'Kaz dat eenzegt Hausdéier, dat onkontrolléiert eraus dierf. Wien en Hond ouni Opsiicht dobausse lafe léisst, muss mat enger Strof rechnen. Bei enger Kaz gëtt dogéint näischt gesot.
De Professor Jogchum Vrielink vun der Universitéit Saint-Louis vu Bréissel gëtt sengen hollännesche Kollegen zwar Recht, nuancéiert awer. Et wier zwar etabléiert, dass Kaze fir Schued suergen, mee, dass als éischt méi konkret Etuden noutwenneg wieren, ier ee bei der EU virstelleg gëtt.