Näischt ass méi flott wéi an der Keelt mueres säin Auto fräi ze krazen. Wien keng Garage huet, deen huet net vill Choix. D'Moulen un, d'Kraz an de Grapp a lass. Méi lëschteg gëtt et awer dann wann ee keng Äiskraz huet. Eng Méiglechkeet hei ass, de Motor lafen ze loossen a waarde bis d'Scheif entdeet ass. Well dat awer net déi ëmweltfrëndlechst Aktioun ass geet dat och anescht.

03/12/2019 Wéi mécht een den Auto richteg fräi?

Fänke mer un mat Hausmëttelen déi all Mënsch doheem misst hunn. Domat loosse mer et nämlech guer net esou wäit kommen dass ee mueres mat engem laangem Gesiicht mat Fangernol d'Äis aus der Fënster schäert.
E grousst Stéck Kartong einfach den Dag virdrun an d'Fënster leeën. Wa méiglech sollt dat dann och d'Gréisst vun der ganzer Scheif hunn. Den Parking-Ticket vum Dag virdru rappt do net wierklech den Hierk aus der Tonn.

Dacks sinn et net nëmmen d'Fënsteren déi zou fréieren. Et sinn och d'Spigelen. Hei läit de Problem bei den Äiskrazen. Dës passen a ville Fäll net ganz an de Spigel. Wien dem Spigel owes eng Strëmp undeet dee kann de Problem esou ëmgoen. Et gesäit zwar net schéin aus ma ëmmerhin hëlleft et. An dem Auto gëtt et net kal.

Et kann een och ufänke mat Flëssegkeeten ze hantéieren. Einfach owes e Waasser-Esseg-Gemësch uréieren an dann nach de selwechte Moment op d'Scheif schmieren. Dës Mëschung verhënnert dass sech iwwer d'Nuecht Äis un der Scheif bild.

Dat selwecht geet iwwregens och mat enger Mixtur aus Salz a Waasser. Hei ass et just wichteg dass d'Salz sech ganz opgeléist huet. Soss hutt der beim éischte Wischeren en abstrakt Konschtwierk am Glas.

Wien et mat manner Opwand maache wëll dee kann sech Klassiker wéi Spraye besuergen. Dës hunn awer dacks de Nodeel dass d'Scheif da vu bannen uleeft.

Et ginn deemno e puer Méiglechkeete fir déi zougefrueren Auto-Scheif fräi ze kréien.

Et muss een net direkt den decke Steen duerch d'Scheif jumme fir séier fäerdeg ze sinn.