Sony schafft mëttlerweil un der 5. Versioun vun der Playstation. Eng vun den erfollegräichste Konsole vun der Welt kritt haut 25 Joer. Wier et deemools net zu engem Sträit tëscht Sony an Nintendo komm, géif et se wahrscheinlech guer net ginn.

03/12/2019 25 Joer Playstation

Sony sollt ufanks en CD-Lafwierk fir Nintendo bauen. De Plang war nämlech net deen, an d'Geschäft vun de Videospiller eran ze klammen. Nintendo hat ugangs de 90er gutt Vente gemaach. Et wier fir Sony méi einfach gewiescht, mat Nintendo zesummen ze schaffen, wéi eppes Eegenes ze maachen.

Dat ganzt geet zeréck op d'Erfindung vun der CD-Rom. Se konnte vill Date späicheren a se ware méi praktesch wéi déi bis dohi benotzte Kassetten. Déi och nach net grad bëlleg an der Hierstellung waren.

Also ass een am Joer 1988 hi gaangen an et huet een sech zesummegesat, fir e Lafwierk fir SNES z'entwéckelen. Sony huet déi voll Kontroll heifir kritt.

Wéi Zesummenaarbecht ugelaf ass, huet ee bei Sony op eemol gemierkt dass een ze vill vun der Kontroll ofginn huet, oder et huet een op mannst emol gemengt dass et esou wier. Et hat een d'Angscht dass Sony op eemol ufänke kéint Spiller fir de Nintendo eraus ze bréngen. Dee Moment wier e grousst Lach an der Kees entstanen. Et ass Nintendo awer net méi gelongen eppes um Kontrakt ze veränneren. Dowéinst ass de Yamauchi higaangen an huet en CD-ROM Deal hannert dem Réck vu Sony mat Philips gemaach.

Dat ganzt gouf op eng fir Sony zimmlech haart Aart a Weis bekannt gemaach. Nämlech 1 Dag nodeem Sony d'Annonce vum Lafwierk fir Nintendo gemaach hat.
D'Affär ass viru Geriicht gaangen. Um Enn gouf et iwwerhaapt kee Lafwierk fir de SNES.

Dofir huet Sony awer decidéiert éischt Schrëtt a Richtung Videospiller ze maachen, fir sou zum Konkurrent vu Nintendo ze ginn. Den Ingenieur vu Sony, de Ken Kutaragi deen op eege Fauscht un der Konsol gebastelt huet gëllt als Papp vun der Playstation.

25 Joer méi spéit stelle sech dës Froen: Wat kann een op der PS5 erwaarden an, ass et villäicht esouguer déi leschte Playstation. Den neien Trend geet jo de Moment ganz kloer a Richtung Cloud-Gaming.