D'Fraenzäitschrëft Cosmopolitan, oder "Cosmo" wéi se och nach genannt gëtt, kennt jiddereen. Et gëllt als grouss Éier um Cover ze sinn. An um Cover vum nächste Mount ass fir d'éischt zanter 35 Joer keng Fra, Julie Dupont

05/12/2019 Keng Fra um Cover vun der Cosmopolitan

Déi leschte Kéier, dass ee Mann ganz eleng um Cover vun der brittescher Cosmo war, war am Joer 1984. Deemols war et de Boy George

Des Kéier ass et dann den Jonathan Van Ness. Bekannt ginn ass en duerch seng Web-Parodie "Gay of Thrones" an d'Netflix-Serie Queer Eye. Do kréie Leit ee Make-Over vu 5 homosexuelle Männer, och Fab5 genannt. De Van Ness ass do den Expert wat Hoer a Kierperfleeg ugeet. Et ass awer net eleng duerch seng Make-Overen, dass en sou beléift ass bei de Leit. Den Jonathan Van Ness steet virun allem dofir, dass d'Leit sech erëm solle selwer gären hunn. Vill ze oft wiere mer kritesch vis à vis vun eis selwer.

Säi Buch: "Over the Top: A raw journey to self love" war och en Erfolleg. Bis op Plaz 7 vun der New York Times Bestseller Lëscht huet hien et domat gepackt. Hie schreift a senger Autobiographie iwwert säi Coming-Out, seng HIV Diagnose, seng Zweiwel vis à vis vu sech selwer, a wéi schwéier e gekämpft huet bis en souwäit war sech selwer z'acceptéieren a gär ze hunn. Duerch seng Geschicht, hofft hie virun allem d'Leit punkto HIV ze sensibiliséieren.

A well eis Welt e bësse méi Positivitéit brauch, war d'Decisioun den Jonathan van Ness um Cover ze hunn, och keng schwéier, esou d'Chefredaktesch vun der brittescher Cosmopolitan. Enplus géif de Van Ness d'Diversitéit vun der Zäitschrëft hire Lieser representéieren, a sech eebe grad net scheien Diskussiounen an d'Rullen ze bréngen.