De Schluss vum Joer 2019 kennt lues awer sécher. Vläicht wëllt der jo fir d’Joer 2020 och är Finanzen e bëssen opbesseren. Dann huet d’Julie Dupont ee klengen Tipp.

05/12/2019 Kennt der d'50-30-20 Regel?

Hutt der scho vun der 50-30-20 Regel héieren? Déi soll nämlech hëllefen äert Akommes besser am Bléck ze hunn.
D’Elizabeth Warren déi als Professorin op der renomméierter Harvard Law School geschafft huet, huet des Reegel opgestallt.

50 steet hei fir d’Hallschent vun ärem Akommes. Dat ass zum Beispill fir de Loyer, Stroum- an Heizkäschten, Telefonsrechnung a wat ee sou fir Liewensmëttel ausgëtt. Wann een en Auto huet ginn d’Ausgabe fir deen och nach dobäi gerechent. Wann är Käschten méi wéi d’Hallschent vun ärem Salaire ausmaachen, muss ee kucken wou een nach dat eent oder anert kann aspueren.

Wat bei deene 50 Prozent hei net dobäi gehéiert ass zum Beispill de Streaming Abo, oder den Owend am Restaurant. Déi Saachen, déi mer maachen oder kafen fir eis eng Freed ze maachen, falen an d’30 Prozent. Fir ausgeglach ze sinn ass Spaass an Erhuelung wichteg.

Déi 20 Prozent sinn dann, wat ee Pro Mount op d’Säit leet, fir Prêten ofzebezuelen oder wann et méiglech ass fir ze spueren.

Verdéngt eng Persoun zum Beispill 3000 Euro, ginn 1500 Euro geholl fir Loyer a co.
900 Euro hätt een dann fir d’Fräizäit. Fir ze spueren oder Prêten géifen dann nach 600 Euro iwwereg bleiwen. Wann een déi 600 Euro all Mount kéint spueren, géif een no engem Joer op en Total vun ëmmerhi 7.200 Euro kommen.